Radioen

On air

De Weekend  |  Depeche Mode - Policy Of Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass guer net méiglech"

Kathedral Notre Dame

"Dat ass guer net méiglech"

A fënnef Joer soll d'Kathedral Notre Dame zu Paräis nees ganz opgebaut sinn: fir den Alex Langini, Conservateur vun der Diözes Lëtzebuerg, ass dat, wat de franséische President Emmanuel Macron gëschter versprach huet, guer net méiglech.

auto_stories

1 min

Eleng déi präzis Evaluatioun vum Schued, seng Repercussiounen op d'Statik vum Gebai zum Beispill, géifen nach vill Zäit an Usproch huelen. Da misst ee sech driwwer eens ginn, wat a virun allem wéi nees opgebaut gëtt, am Respekt vun der Charte de Venise.

An zu gudder Lescht riskéieren de Manktem u Fachaarbechter an d'Schwieregkeet, adaptéiert Baumaterialien ze fannen wéi zum Beispill Holz fir eng nei Charpente, d'Restauratioun problematesch a laangwiereg ze maachen.


Dat ganzt Gespréich mam Alex Langini:

Lauschterenplay_arrow