Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat décksten Enn kënnt eréischt"

Aarmut

"Dat décksten Enn kënnt eréischt"

Ouni déi héich Logementspräisser wier et relativ einfach, d'Aarmut hei am Land an de Grëff ze kréien, seet d'Marie-Josée Jacobs. Si fäert, dass d'Kris fir déi aarm Leit hei am Land nach net ausgestanen ass.

auto_stories

1 min

D'Marie-Josée Jacobs ass dovunner iwwerzeegt, "datt dat décksten Enn eigentlech eréischt kënnt". Si huet d'Gefill, datt d'Leit elo nach géife probéiere mat deem, wat se nach iergendwou op der Säit hunn oder bei der Famill nach kréien, iwwer d'Ronnen ze kommen. Si fäert, datt bei der Caritas nach eng ganz Rei u Leit wäert kommen, déi an der Zukunft aarm sinn. "Méi aarm, wéi et virauser war."

Datt d'Kannergeld vum nächsten 1. Januar un nees indexéiert gëtt wier eng gutt Noriicht, sou d'Marie-Josée Jacobs. Allerdéngs géif dat de Kafkraaft-Verloscht, deen de Leit an de leschte 15 Joer entstanen ass, net kompenséieren. D'Caritas fuerdert och Adaptatioune vun der Allocation de vie chère a vum REVIS.

"Dat wat eis jo enorm Schwieregkeete mécht, dat si jo déi Präisser vun de Logementer. Wa mer dat nët hätten, da géif ech wierklech mengen, wär et relativ einfach fir d'Aarmutt zu Lëtzebuerg ewech ze kréien. Mee amplaz datt et och nëmme stagnéiert, hu mer gesinn, datt et d'lescht Joer nach eng Kéier 16 Prozent eropgaangen ass. Dat ass jo fir Leit mat zwou Paie geschwënn net méi ze bezuelen."