Parteiefinanzéierung "Dat deet hinnen natierlech wéi"

De Lëtzebuerger Rechnungshaff huet Onreegelméissegkeete bei der Piratepartei festgestallt, no der Analys vun der Parteiefinanzéierung fir d'Joer 2018: dowéinst hunn déi zoustänneg Chamberkommissioune gëschter eestëmmeg decidéiert, den Dossier un de Parquet virunzereechen.

Serge Kesseler / cbi

Suen
D'Piratepartei riskéiert, een Deel vun der Walkampfënnerstëtzung zeréckbezuelen ze mussen. Foto: Bigstock / artemisart

D'Piratepartei hätt eng Spend vun enger Firma kritt an dat wier dem Parteiefinanzéierungsgesetz no net erlaabt, esou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm.


D'Diane Adehm am Gespréich mam Serge Kesseler


De Lëtzebuerger Rechnungshaff hat festgestallt, datt e vun de Kandidate vun der Piratepartei am Bezierk Osten 30.000 Euro aus der eegener Täsch an d'Walcampagne gestach hätt, esou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun.

D'Piratepartei hat wéinst dësen 30.000 Euro d'Konditioun vu 75 Prozent Eegemëttel net erfëllt. Well dës Sue laanscht d'Comptabilitéit vun der Partei gefloss sinn, géif d'Piratepartei riskéieren, een Deel vun der staatlecher Walkampfënnerstëtzung mussen zeréckzebezuelen. "Dat deet hinnen als Partei natierlech wéi", huet d'Diane Adehm erkläert."

Méi zum Thema

Angelika Dasbach / Marc Goergen
Parteibündnis

D'PID trennt sech vun de Piraten. Grond wieren ënner anerem eng chaotesch Virgoensweis an intern Streidereien an der Piratepartei. D'Ukënnegung wier iwwerraschend fir d'Pirate komm.

Marc Goergen
National Politik

D'Piratepartei fënnt keen Ersatz fir den aktuelle Partei-Coordinateur Marc Goergen ze ersetzen. Obwuel hie gär vum Posten demissionnéiere géif, misst hie weidermaachen, well bis elo kee Parteimember sech manifestéiert hätt.

Parteifinanzéierung
Chamberwahlen 2018

D'Parteie sollen an Zukunft d'Wahlkampfkäschte fir d'Chamber- a fir d'Europawahle separat rembourséiert kréien. Eng entspriechend Gesetzespropositioun gouf deposéiert. D'Montante bleiwen awer déi selwecht.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen