Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat gehéiert an d'Ëffentlechkeet"

Corona-Kris

"Dat gehéiert an d'Ëffentlechkeet"

Sollt et esou sinn, datt et effektiv eng Party war, déi fir déi nom Weekend méi héich Zuel vun neien Infektioune mam Coronavirus gesuergt huet, da wier dat eng Informatioun, déi an d'Ëffentlechkeet gehéiert, fënnt de Professer Claude P. Muller, Virolog am Luxembourg Institute of Health (LIH).

auto_stories

2 min

De Claude P. Muller ass Virolog am Luxembourg Institute of Health (LIH)

Et wier wichteg drop opmierksam ze maachen, datt esou Partyen net solle stattfannen, mee et wier och wichteg ze wëssen, datt et op esou enger Party lassgaangen ass, an datt een déi Leit, déi op dëser Party waren, retracéiert fir déi néideg Mesuren ze ergräifen.

Ass eng zweet Well inevitabel?

Et wier wichteg, datt d'Leit esou Saache gewuer gi fir ze verstoen, datt d'Opriff, déi gemaach gi fir weider virsiichteg ze bleiwen, net muttwëlleg sinn, esou de Professer Muller. De Professer Muller mengt nämlech net, datt eng zweet inevitabel wier.

"Ech géif soen, wa mer eis gutt schécken, dann ass et guer net néideg, datt eng zweet Well kënnt. An dann ass jo och d'Fro: 20 Fäll oder 15 Fäll, ass dat elo schonn eng Well? Oder ass dat elo einfach déi Variabilitéit, déi mer wäerten hunn, méiglecherweis bis zum Vaccin."

En Impfstoff vläicht bis Enn des Joers

Wat d'Entwécklung vun esou engem Impfstoff ubelaangt géife gutt Fortschrëtter gemaach ginn. Zwee Vaccine wäre scho relativ wäit an de klineschen Tester, an der Phas dräi. Wann déi gutt géife lafen, da misst den Impfstoff nach produzéiert ginn.

"Ech kéint mir virstellen, datt bis Enn des Jores en Impfstoff do ass, op d'mannst fir Risikopatienten oder Risikogruppen, oder zum Beispill och d'Gesondheetspersonal."

Nach net vill Leit hunn Antikierper

De Virolog Claude P. Muller ass der Meenung, datt et d'Zil vun der Strategie vun de villen Tester ass, d'Zäit ze iwwerbrécke bis e Vaccin do ass. Nëmme ganz wéineg Leit hei am Land hätten Antikierper - däitlech manner wéi fënnef Prozent.

Dohier kéint een d'Infektiounskurv och just niddereg hale wann et geléngt, all Infektiounskette méiglechst séier ze ënnerbriechen.