Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat grousst Zil ass et, fir eng militäresch Interventioun an der Ukrain ze verhënneren

Jean Asselborn

Dat grousst Zil ass et, fir eng militäresch Interventioun an der Ukrain ze verhënneren

Am Ukrain-Konflikt géif et d'Hoffnung ginn, datt et net zum Krich kënnt, d'Situatioun um Terrain géif awer ugespaant bleiwen. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn de Mëtteg an der Chamber däitlech gemaach. Dat grousst Zil wier eng militäresch Interventioun an der Ukrain ze verhënneren. Um Krautmaart gouf iwwert d'Roll vun der NATO an der aktueller Kris diskutéiert, a méi generell iwwert de Konflikt op der russesch-ukrainescher Grenz.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Jean Asselborn huet a senger Interventioun vun engem Konflikt geschwat, deen d'Potential hätt, zu engem "ganz schlëmme Krich" auszeaarten.

Am Kontext vun de momentan ganz villen diplomateschen Efforten huet den Ausseminister awer seng Hoffnung zum Ausdrock bruecht, datt et net zu engem Krich kéim.

Hien hätt den Androck, datt d'Argumenter géife gräifen an datt et Unzeeche géif ginn, datt et net zu enger militärescher Interventioun kënnt, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

"Russland misst do een Effort maachen"

Trotzdeem géif d'Situatioun bedenklech bleiwen. Et kéint sinn, datt bis zu 150.000 Zaldoten am Weste vu Russland stéingen, esou den Ausseminister.

"A virun allem wat net gutt ass, dat ass, dat Material wat do steet, dat ass scho Material net fir sech ze verdeedegen, mee fir een Aneren unzegräifen. An dat ass e Punkt, wou Russland misst een Effort maachen."

No der Léisung vum Konflikt missten déi russesch Sécherheetsbedenken eescht geholl ginn

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet de Jean Asselborn den Dënschdeg Mëtteg an der Chamber op d'Positioun vun der Regierung ugeschwat, wat méiglech weider Sanktioune géint Russland ugeet an d'Konsequenzen dovu fir déi Lëtzebuerger Finanzplaz.

"Här Wiseler, Lëtzebuerg ass net hei mat der Rechemaschinn am Gaangen ze kucken, ob mer matmaachen oder net. All Land huet do matzemaachen."

Wann et géif geléngen, eng militäresch Interventioun vu Russland ze verhënneren, da missten duerno d'Sécherheetsbedenke vu Moskau seriö geholl ginn, an een Dialog vun allen Acteure mat Russland misst ugebuede ginn, fir eng "aner Sécherheetsarchitektur hinzekréien", esou den Ausseminister de Mëtteg a senger Conclusioun.