Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ka sech duerch all Beruffer zéien"

Jugendaarmut

"Dat ka sech duerch all Beruffer zéien"

Firwat si beruffstäteg Jonker hei am Land deelweis engem Aarmutsrisiko ausgesat? Wie sinn déi betraffe Jonk? Enger Eurostat Etüd no riskéieren hei am Land ee Fënneftel vun den 18- bis 24-Järegen déi schaffen, an d'Aarmut ze falen.

auto_stories

4 min

Iwwerraschend wieren d'Erkenntnisser vun Eurostat iwwer Jugendaarmut hei am Land net. Do si sech de Robert Urbé vun der Caritas an de Gilles Dhame vum roude Kräiz eens. Bei der Etüd vun Eurostat gouf d'Populatioun tëschent 18 a 24 Joer déi schaffen, awer knapps genuch verdénge fir net an d'Aarmut ze falen, ënner d'Lupp geholl.

Problematik u Logementspräisser gekoppelt

Der Statistikverwaltung no ass eng Persoun vun Aarmut betraff, wa si manner wéi 60 Prozent vum Medianloun netto zur Verfügung huet. Dee wier zwar zu Lëtzebuerg vergläichsweis héich, esou de Gilles Dhamen, mee dat sollt een awer net kleng schwätzen. "Et ass schonn eng Problematik do, an déi ass mat Sécherheet un d'Logementspräisser hei zu Lëtzebuerg gekoppelt."

Ee Rapport vum Statec aus dem leschten Hierscht hätt ganz kloer gesot, datt dës Altersgrupp am schwéiersten Accès op de Wunnengsmaart hätt. Et géif u Locatiounswunnengen an un alternative Wunnkonzepter feelen, esou nach de Gilles Dhamen. Do géif et och gëllen unzesetzen.

Am Regierungsprogramm ass eng Hausse vum Mindestloun ëm 100 Euro netto retroaktiv op den éischte Januar dëst Joer virgesinn. Zanter Ufank vum Joer ass de Mindestloun schonn un déi allgemeng Lounentwécklung ugepasst an ëm 1,1 Prozent an d'Luucht gaangen. De Robert Urbé vun der Caritas freet sech, wiem déi geplangten Hausse vum Mindestloun zu Gutt kënnt.

Prekär Situatioun fir Jonker

Déi Jonk géifen dacks méi prekär Aarbechtskontrakter kréien, géifen also manner dacks en CDI kréien, mee hätten éischter e Kontrakt mat beschränkter Dauer. "Dat féiert dann dozou, datt si tëschent Verträg och heiansdo net schaffe ginn, well si dann eben d'Schaff verluer hunn an eng nei musse sichen."

Ganz vill Jonker géifen och Stagë maachen, déi entweder guer net oder schlecht bezuelt wieren. "An och do läit jo e Gesetzesprojet vir, deen awer och nach net onbedéngt ganz vill hëlleft, well déi Montanten, ëm déi et do geet, wieren och nach net esou, datt een domat aus dem Aarmutsrisiko erauskéim."

Och nom Studium si Jonker betraff

Wie sinn déi Jonk, déi betraff sinn? A riskéieren eventuell och Jonker, déi Studie gemaach hunn, an den Aarmutsrisiko ze geroden? Dat géif vun de Studien ofhänken, mengt de Robert Urbé. Zum Beispill géife senger Meenung no Leit mat technesche Studien, wéi Ingenieur, duerchaus eng Aarbechtsplaz kënne fannen.

Wie seng Studien am humanwëssenschaftleche Beräich gemaach huet, hätt et méi schwéier. "An dat sinn ebe grad déi Jonk, déi dann, wa si vun der Uni kommen, fir d'éischt emol siche sech méi employabel ze maachen, andeems si bereet sinn, souguer een net-bezuelte Stage unzehuelen an domat sinn dat dann där Leit, déi duerchaus an déi Prekaritéit falen."

Virausgesat si falen an déi viséiert Altersgrupp vun 18-24 Järegen. Mee och Leit ouni - oder nëmmen engem dräijärege Studium kéinte betraff sinn, an et géif sech och queesch duerch all Beruffer zéien. Eenzel Beräicher wéi Commerce, Horesca oder Constructioun, do wier et gewosst, datt do éischter méi niddreg Léin bezuelt ginn, seet de Robert Urbé.

"Senge Moyene no liewen"

Déi Jonk wieren nieft de Logementsfroen och mat Alldagsfroe konfrontéiert, zum Beispill wéi si sech undinn, oder wéi eng Fräizäitaktivitéite si sech erlabe kënnen. Ongewëssheet fir d'Zukunft wier eng Suerg, déi déi Betraffen zum Beispill u Vertrieder vum Roude Kräiz erundroen.

Fir de Jonken ze vermëttelen, datt ee senge Moyenen no liewe muss, géife Jugendhaiser iwwerdeems hautdesdaags aner Aktivitéiten ubidden. "Fréier si mir Fallschirm sprange gaangen, op Motorshowe gaangen. Dat ass awer e Verhalen, wat mir net wëlle virliewen, well dat sech ee Jugendlechen herno och net ka leeschten."

Wann een net géigesteiert, géif sech d'Problematik vun der Jugendaarmut éischter verschlechteren, warnt de Robert Urbé. Déi geplangten Hausse vum Mindestloun an d'Upassung vun der Präisdeierechtszoulag géife senger Meenung no awer an déi richteg Richtung goen.