Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat neit Denkmalschutzgesetz: en Tiger ouni Zänn?

Fräie Mikro

Dat neit Denkmalschutzgesetz: en Tiger ouni Zänn?

De Michel Pauly, Member vun der Commission des Sites et Monuments a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, warnt virun enger Ofrapp-Pandemie, wann dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft trëtt a mécht dofir e konkrete Virschlag, wéi een d'Interesse vum Privateegentum an déi vum Denkmalschutz kënnt op ee Nenner bréngen.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly, Member vun der Commission des Sites et Monuments a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum.

Zwou Stonnen huet virun dräi Wochen an der Chamber den Debat iwwer d'Erhale vum Patrimoine gedauert, dee fälleg gi war, well d'Petitioun 1638 méi wéi 4500 Ënnerschrëfte kritt hat, 5280 fir genee ze sinn. Wee nogelauschtert huet, krut d'Impressioun, all Deputéiert, déi present waren, wiere mat der Petitioun d'accord, géife sech mat Leif a Séil fir den Denkmalschutz asetzen an dat neit Denkmalschutzgesetz, dat grad an der parlamentarescher Kulturkommissioun diskutéiert gëtt, géif deenen Initiativen, déi sech iwwerall am Land fir d'Erhale vun aler Bausubstanz asetzen, Satisfaktioun ginn.

Haiser déi virun 1955 gebaut goufen, provisoresch ënner Schutz stellen

Mee leider stëmmt déi Impressioun net ganz. De Knackpunkt ass nämlech dee vun der Urgence. Am neie Gesetz ass virgesinn, datt de Service des Sites et Monuments nationaux an all Gemeng en Inventaire vun deene Gebaier mécht, déi derwäert sinn erhalen ze bleiwen. De Service vum Inventaire gouf dowéinst zwar op néng Leit opgestockt, mee nawell sinn zéng Joer virgesinn, bis deen Inventaire fir d'ganzt Land dierft fäerdeg ginn. D'Promoteuren hu verstanen, datt se nach just zéng Joer Zäit hu, fir méiglechst vill Haiser ofzerappen fir se duerch Betongskëschten z'ersetzen, déi méi erabréngen.

Dofir gouf an der Petitioun gefuerdert, all Haiser, déi viru 1955 gebaut goufe, provisoresch ënner Schutz ze setzen. Wann ee wëllt ofrappen, misst een da fir d'éischt bei Sites et Monuments d'Erlaabnis ufroen. Et geet also net drëm all déi Gebaier ze erhalen, mee déi Verwaltung kann da kucken, ob se d'Haus klasséiere léisst oder d'Ofrappen erlaabt, amplaz just kënne Pompjee ze spillen, wann et schonn ze spéit ass. Der Kulturministesch Sam Tanson war déi Propositioun sympathesch, mee si huet missen drop hiweisen, datt 2004 d'Chamberkommissioun selwer déi Iddi lancéiert hat mam Stéchdatum 1914. De Staatsrot huet déi Dispositioun awer refuséiert mam Argument, et wier net méiglech fir all Haus erauszefannen, ob et virun oder no 1914 gebaut gouf, sou datt doduerch Diskriminatioune géifen entstoen, an huet dofir eng 'opposition formelle' ausgesprach. Dee Projet de loi koum ni an de Chamberplenum.

En obligatoreschen Avis vu Sites et Monuments am Gesetz virgesinn

Fir dee Problem z'ëmgoen, wéilt ech haut virschloen, guer keen Datum virzegesinn, an an d'Gesetz ze schreiwen, datt e Buergermeeschter, dee gefrot gëtt, fir eng 'autorisation de démolir' ze ginn, fir d'éischt de Service des Sites et Monuments muss fir en Avis froen, deen da kuerzfristeg misst ausgestallt ginn. Esou eng Prozedur géif déi sakrosankt "autonomie communale" net a Fro stellen a géif och d'Recht op Privateegentum net beréieren. Si wier praktesch genee déi selwecht, wéi déi, déi am neie Gesetz an dem Kapitel iwwer den archeologesche Patrimoine virgesinn ass. An Zukunft muss nämlech e Propriétaire, dee wëlles huet ze bauen, fir d'éischt beim Kulturministère ufroen, ob keng archeologesch Servitude op där Bauplaz leit. Eréischt wann d'Archeologe gréng Luucht ginn hunn, däerf de Buergermeeschter d'Baugeneemegung erausginn. Meng Propositioun wier dozou absolut parallel. Et gëtt iwwregens Buergermeeschteren, déi dat vu sech aus maachen. Souguer an der Stad Lëtzebuerg huet tëscht 2010 an 2016 d'Bautepolizei systematesch den Avis vu Sites et Monuments gefrot, wann ee wollt en Haus ofrappen oder ëmbauen. Dat huet perfekt fonctionéiert. An hirer Äntwert op eng Question parlementaire vum Deputéierte Franz Fayot haten am Mee 2016 de viregte Kulturminister an den Inneminister an Aussiicht gestallt, esou eng Reegelung kéint an dat neit Gesetz kommen. Wa keng esou eng Klausel an d'Gesetz kënnt, riskéiert et, en Tiger ouni Zänn ze bleiwen. Op d'mannst an de nächsten zéng Joer.

Haut heescht et, den Inneministère géif sech géint esou eng Léisung striewen. De viregten Inneminister hat och déi Léisung fir den archeologesche Schutz verworf, déi elo awer am Gesetz steet. Ass also an deem sozialistesch gefouerte Ministère d'Lobby vun de Promoteuren ze sichen?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.