Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat neit Justizkapitel kéint am Januar vun der Chamber ugeholl ginn

Verfassungsreform

Dat neit Justizkapitel kéint am Januar vun der Chamber ugeholl ginn

Am Januar kéint d'Aarbecht un der Verfassungsreform weider decisiv Schrëtt viru kommen, mengt de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun, den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. An zwar kéint dat neit Justizkapitel vun der Verfassung dann duerch en zweete Vott definitiv ugeholl ginn.

auto_stories

1 min

Bis dohinner misst och offiziell confirméiert sinn, datt d'Referendumsinitiativ net déi néideg Ënnschrëfte krut. Wort an RTL haten d'lescht Woch gemellt, datt an de Gemenge bei Wäitem net déi néideg 25.000 Ënnerschrëften zesumme komm sinn. Deemno gëtt den Text duerch en zweete Vott an der Chamber adoptéiert. Dat wier fir hie kee Grond ze triumphéieren, esou de Mars Di Bartolomeo.

"Engersäits stellen ech fest, datt den Interêt fir d'Verfassung nach net sou grouss ass, wéi e soll sinn. Et ass awer och keng Bereetschaft do, sech op falsch Pisten ze lancéieren, wéi et gewënscht war. Dat huet ee bei eenzelnen Inititiative gesinn. Ech mengen, mir bleiwe bei eiser Linn, déi Diskussioun roueg ze féieren, zilféierend bis zur leschter Etapp."

Am Januar kéint dann och ee weidere - vun den am ganze véier Deeler vun der Reform - fir en éischte Vott op d'Dagesuerdnung vun der Chamber kommen. D'Kapitel iwwer d'Staatsform, d'Monarchie, d'Regierung an d'Gemenge wier prett, esou nach de Mars Di Bartolomeo.