Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat wäert déi aner Kommissariater entlaaschten"

Ee virtuelle Police-Kommissariat

"Dat wäert déi aner Kommissariater entlaaschten"

All Joer gi bal 8.000 Plaintë wéinst Vol gemaach an 20.000 Objets trouvés bei der Police gemellt. Dës Demarchë sinn elo och online méiglech. Mat hirem neie virtuelle Kommissariat erméiglecht d'Police et de Bierger elo, fir eng ganz Rei Demarchen online ze maachen.

auto_stories

2 min

Et ginn zwou verschidden Zorte vun Demarchen, déi online kënne gemaach ginn:

  • Demarchen, déi eng Autorisatioun iwwer LuxTrust erfuerderen, an déi deemno wéi och eng Plainte mat sech bréngen. Heirënner fale beispillsweis Vol simple, Vol de carburant à la pompe, déclaration objet trouvé oder déclaration objet perdu. Weider kann ee verschidden Zertifikater ufroen.
  • Demarchen, déi keng Autorisatioun iwwer LuxTrust erfuerderen, wéi beispillsweis während der Schueberfouer d'Aktioun Enfant perdu, wann een Informatioune bei der Police wëllt nofroen, oder der Police eppes melle wëllt.

D'Police entlaaschten

Dëse virtuelle Kommissariat wäert d'Aarbecht vun der Police entlaaschten, seet de Spriecher vun der Police, de Vic Reuter. Virun allem territorial Unitéite géingen heibäi entlaascht ginn. Hannert dem Online-Kommissariat stinn zwee Leit, déi all d'Demanden zentraliséieren an digital opschaffe géingen.

Fir verschidde Fäll missten awer aner Kommissariater agesat ginn, wéi zum Beispill fir Plainten iwwer Vol, wou et ongeféier 8.000 Plainten d'Joer ginn. Objets trouvés géingen eng 20.000 Fäll d'Joer, an Objets perdus eng 35.000 Fäll d'Joer ausmaachen. Et géing also vill Potential ginn, fir d'Aarbecht vun der Police ze entlaaschten, esou de Vic Reuter.

Momentan keen Ausbau geplangt

Et wéilt een an enger éischter Etapp evaluéieren, wéi de System sech an der Praxis géing bewären, wéi d'Leit d'Offer notzen, an da mat der Autorité judiciaire weider kucken, wat prozedural méiglech wier, an da kéint een iwwer aner Ausbauméiglechkeeten diskutéieren.

Kee Risiko vun Abus oder Intrusioun

De Vic Reuter gesäit kee Risiko vun Abusen oder vun Instrusioun. De Projet wier zesumme mam staatlechen Informatikservice CTIE ausgeschafft ginn, an et géing eng staark Authentifikatioun iwwer LuxTrust ginn. Weiderhi wier een duerch d'Firewall vun der Police geschützt. De Vic Reuter mengt, et wier een a Punkto Cybersecuritéit gutt geséchert, an et wier een um neiste Stand.