Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat wäert eis Zukunft bedrohen"

Illegal Konkurrenz

"Dat wäert eis Zukunft bedrohen"

D'Loterie Nationale gëtt enorm vun illegalen Ubidder "gechallenged", kritiséiert de Pierre Bley. De President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte fäert dowéinst ëm potentiell Recetten.

auto_stories

2 min

De Pierre Bley, President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

Et géif een duerch geschaten 1.000 illegal Spillbornen uechtert d'Land un existenziell Schwieregkeete stoussen, seet de Pierre Bley, President vun der Oeuvre. "Dat wäert eis och an Zukunft bedrohen a mir mussen ëm eis Recettë fäerten", ënnersträicht hien. De Moment wier een am Gaangen all Optiounen ze préiwen, dorënner och déi fir viru Geriicht ze kloen. Et hätt een och versicht den Autoritéiten Informatiounen iwwer dës Evolutioun ze ginn. D'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte geréiert d'Nationallotterie.

Et kéint een net einfach nokucken, wéi potentiell Recettë verluer ginn. Et géif awer net drëm goen, fir just de Chiffre de vente ze steigeren, mee et géif d'Gefor bestoen, datt Spiller, déi d'Oeuvre haut ubitt, an enger zweeter Phas och vun Aneren ugebuede ka ginn. Doduerch géif ee riskéieren en Deel vum Marché ze verléieren, seet de President vun der Oeuvre.

Kee Plang B

D'Loterie Nationale suergt fir bal 100 Prozent vun de Recettë vun der Oeuvre Nationale, déi hirersäits domat Projeten an de Beräicher Soziales, Ëmwelt, Kultur a Sport ënnerstëtzt: D'lescht Joer an Héicht vu ronn 20 Milliounen Euro.

Sollt d'national Lotterie an Zukunft däitlech manner Benefice maachen, dann hätt d'Oeuvre kee Plang B. "Et ass esou, datt mir dësen Ablack der Lotterie eng Virgab ginn hu fir pro Joer e Chiffre de vente vu ronn 100 Milliounen eranzespillen, well mir da fir d'Oeuvre eng Gréisstenuerdnung vun 20 Milliounen Euro zur Verfügung hunn, déi mir kënnen an d'Projete stiechen, déi eis Missiounen encadréieren", seet de Pierre Bley.