Radioen

On air

De Moien  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat war eng propper Aarbecht"

25 Joer radio 100,7

"Dat war eng propper Aarbecht"

Den EU-Kommissiounspresident a fréiere Lëtzebuerger Premier lauschtert de radio 100,7 gär. Op d'Geheimdéngschtaffär ugeschwat, an där hi selwer involvéiert war, schwätzt hie vun enger "korrekter" a "propperer" Aarbecht vun den 100,7-Journalisten.

auto_stories

5 min

De Jean-Claude Juncker am Gespréich mam Danièle Weber

Danièle Weber: 1993, wéi de Radio gegrënnt gouf, waart Dir Finanzminister, keng onwichteg Roll wann et drëm geet Staatssuen auszeginn...

Jean-Claude Juncker: Ech war iwwerzeegt dovun, datt mir méi Pluralitéit am Radioswiese missten hunn an net publizitéitsfinanzéiert. Et huet sech mir ëmmer de Verdacht opgedrängt, datt et kéint Interessekonflikter ginn tëscht der Redaktiounslinn an der Publizitéitslinn, Dat hunn ech ni kënnen un engem konkrete Beispill festmaachen, mee den Androck war awer do, datt dat kéint geschéien.

Ech hat dunn ee gudde Frënd an der Politik, de Robert Krieps, an dee war séier staark der Opfaassung, datt een een ëffentleche Radio zu Lëtzebuerg misst hunn. A mir waren och an der deemoleger CSV-LSAP-Regierung mat RTL net ganz zefridden, well RTL seng lescht Noriichtesendung owes um hallwer 7 hat, sou wéi wann d'Welt stoe bliwwe wier wann RTL Lëtzebuerg schlofe gaangen ass. An dunn ass de Wonsch komm, datt een och méi kulturell, gesellschaftspolitesch Diversitéit misst op d'Welle bréngen. Mir hunn dat du mam Robert Krieps gemaach, dee war den eigentleche Promoteur vun där Iddi.

Anerer waren dogéint, an hunn och spéider fonnt, datt mer ze vill ëffentlech Gelder géifen opbrénge fir de "soziokulturelle Radio", wéi mer dat deemools nach genannt hunn. Ech war Finanzminister, mee ech war mam Robert Krieps op enger Linn, datt mer dat misste finanzéieren. Anerer wollten dee Radio erëm astellen. Mee dat huet sech dunn, wéi déi an d'Regierung komm sinn, déi dat wollten ofschalten, séier erleedegt.

D'LSAP war do méi dohannert wéi d'CSV....

D'LSAP hätt iwwerhaapt näischt kënne maachen, wann d'CSV net d'Accord gewiescht wier. Ech war Finanzminister, de Robert Krieps war Kulturminister, mir hunn dat zesumme gemaach an de Staatsminister Santer ass och an déi Richtung geschwommen - also d'LSAP war do net méi dohannert wéi d'CSV. Mir waren zesummen dohannert. D'DP war dogéint.

1996 gouf et eng Motioun vun der DP-Deputéiert Anne Brasseur fir de Radio quasi ofzeschafen. Firwat war et sou schwéier eng méi grouss Begeeschterung zu Lëtzebuerg fir esou ee Projet ze kréien?

D'Begeeschterung huet net doduerch ofgeholl, datt d'DP dogéint war. D'DP ass haut dofir, si gëtt net gär drun erënnert, datt se dogéint war. Mee dat sinn d'Schwieregkeete vum politesch Liewen: wann een eppes ofleent an herno muss zoustëmmen, dann ass dat net einfach.

Wéi gesitt Dir d'Entwécklung vun deem Radio, wéi huet den 100,7 sech gemaach?

Ech fannen - net well elo Gebuertsdag gefeiert gëtt - datt den 100,7 seng fest Plaz an der Lëtzebuerger Medielandschaft an iwwer d'Medielandschaft eraus, an der Lëtzebuerger Landschaft iwwerhaapt, fonnt huet, well awer um 100,7 Stëmme sech kënnen äusseren, déi soss net gehéiert géife ginn. Et kënne jonk Artisten sech produzéieren, et kënne jonk Schrëftsteller hiert soen. Et sinn Emissiounen erfonnt ginn, déi et an där Form net gi sinn. Also am Fong eng Konfrontatioun vu Charakteren, vu Lëtzebuergesche Biographieofschnëtter, déi et op anere Radioen net gëtt. Dat mécht schonn den Ënnerscheed.

De Radio gëtt jo am Volleksmond ëmmer nach de Geheimsender genannt, huet en deen Nummer nach verdéngt?

Ech hunn en ni Geheimsender genannt an et huet och ni een zu mir gesot et wier ee Geheimsender. Et ass ee Radio, deen net souvill Nolauschterer huet, wéi anerer, well en een anere programmateschen Entworf duerstellt. Radioe mat manner Ecoute gëtt et och am Frankräich. Wann Dir RTL Frankräich mat France Culture vergläicht, dann ass et datselwecht,

Et gouf jo journalistesch eng gewëss Entwécklung, de Radio ass och méi onbequem ginn, wat Dir och selwer mat erlieft hutt. 2013 an der Geheimdéngscht-Affär hu Journalisten och Saachen erausbruecht déi fir Iech net sou bequem waren. Wéi hutt Dir déi Zäit erlieft a wéi bewäert Di déi Recherchë vum radio 100,7?

Ech hunn doriwwer ni eng déif Reflexioun ugestallt. Déi Journalisten hunn hier Aarbecht gemaach - dat nennt sech investigative Journalismus - an zwar relativ korrekt, well déi hu mech ëmmer och ëm meng Meenung gefrot, déi ech awer net ëmmer konnt soe well et ëm de Geheimdéngscht gaangen ass. Ech hunn do näischt ze kritiséieren, dat wat eng propper Aarbecht.

Gëtt de Radio haut senger Missioun gerecht?

Ech hu manner Geleeënheet zu Bréissel de Radio ze lauschteren, wéi dat doheem de Fall war, ech hu besonnesch iwwer de Weekend ëmmer gäre gelauschtert. An ech kann net erkennen, wou de Radio senger ursprénglecher Aufgab net géif gerecht ginn. Mee déi Aufgab ass natierlech mat der Zäit, mat de Stëmmungen, mat den Atmosphäre viru gewuess, ech lauschteren dee Radio gär.

Wéi eng Zukunft gesitt Dir fir de Radio?

Ech hätt gär, datt dee Radio net géif kontestéiert ginn, mee écoutéiert ginn. Ech wënschen dem Radio méi Nolauschterer, well ech mengen, datt d'Leit onrecht hunn, fir dee Radio net reegelméisseg ze lauschteren. Mee alles dat, wat et vun Erhiewunge gëtt, iwwer d'Zuel vun de Nolauschterer ass net ganz korrekt. Well den 100,7 ass ee Radio, wou ee sech dat erauspicke geet, wat een interesséiert. Et gëtt keng esou héich Zuel vu konstanten Nolauschterer, wéi bei anere Radioen, mee dat léisst sech net sou liicht moossen. Vill Frënn déi ech hunn, siche sech hir Sendungen eraus, ouni de ganzen Dag op der Antenn ze bleiwen.


Interview tëscht dem Danièle Weber an dem Jean-Claude Juncker:

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.