Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datazenter fir NATO

Militär

Datazenter fir NATO

De Lëtzebuerger Staat finanzéiert en neien Datazenter fir d’NATO. Esou erfëllt d'Regierung hir Engagementer, fir de Militärbudget vun 0,4 op 0,6 Prozent vum PIB an d'Luucht ze setzen. De Verdeedegungs- a Wirtschaftsminister Etienne Schneider felicitéiert sech awer och, well d’Suen an der Lëtzebuerger Economie bleiwen. déi Lénk, déi fir en Austrëtt aus der transatlantescher Militärallianz sinn, kritiséieren hirersäits natierlech den neie Projet.

auto_stories

6 min

(v.l.n.r.) Mike Lyden, Etienne Schneider, Patrick Heck

Bis November dëst Joer soll en neien Datazenter zu Betzder stoen, als Back-up, also als Kopie, fir d’Donnéeë vun der NATO Support and procurement agency, NSPA (fréier NAMSA) op der Cap. Fournisseur ass EBRC. De Staat investéiert 9,4 Milliounen Euro aus dem Fonds d’équipement militaire, duerno kascht d’Bedreiwe vum Datazenter nach 1,6 Millioun Euro d’Joer.

"Merci villmools", sot de Generaldirekter vun der NSPA, fréier rear admiral bei der US Navy, de Mike Lyden.

Positiv Retombéeën

Den Etienne Schneider felicitéiert sech als Verdeedegungs-, mee awer och als Wirtschaftsminister. Dat aus zwee Grënn: Mat engem neien Datazenter fir d’NATO, géing de Lëtzebuerger Staat seng Engagementer erfëllen, fir eng méi staark finanziell Bedeelegung a Saachen Defense op internationalem Plang. D’Regierung hat sech engagéiert, d’Militärdepense vun 0,4 op 0,6 Prozent vum PIB an d’Luucht ze schrauwen.

Gläichzäiteg géing een awer och an engem wichtegen technologesche Secteur d’national Economie weider diversifizéiere mat "komplette Retombéeën" op Lëtzebuerg. Den Datazenter géing nämlech vun EBRC, respektiv Telindus, exploitéiert ginn. Donieft géing d’Presenz vun der NSPA op der Cap sech weider staark entwéckelen. De Generaldirekter vun der NSPA, de Mike Lyden, geet vu 50 zousätzleche Mataarbechter an den nächsten ee bis zwee Joer aus.

Positiv Retombéeë géingen et der och indirekter ginn, esou den Etienne Schneider. Well d’NATO op de Lëtzebuerger Standuert zréckgräift, géing dat d’Kredibilitéit vum Secteur vun den Informatiounstechnologië stäerken.

Kritik vun déi Lénk​

Marc Baum (Déi Lénk): "Mir mengen net, datt d'Memberschaft an der NATO Lëtzebuerg méi sécher mécht."Kritesch géintiwwer dem Projet vun engem neien NATO-Datazenter zu Betzder sinn déi Lénk. Logescherweis, well déi Lénk géint d’Lëtzebuerger Memberschaft an der transatlantescher Militärallianz sinn. Scho guer net ze schwätzen vun der Augmentatioun vun de Militärausgab op 0,6 Prozent vum PIB.​

D’Oppositiounspartei ass besuergt iwwert dat, wat se eng “Rüstungsspiral” nennt. Den Deputéierten vun déi Lénk, de Marc Baum seet, et misst ee sech och Froe stellen iwwert d’economesch Verstréckungen, déi dat géing bedeiten. Lëtzebuerg géing zwar keng Waffen produzéieren, "mee d'Sue sinn deelweis hei."

NATO oder net NATO?

Wann d’Fro vun der Memberschaft an der NATO sech stellt, stellt sech d’Fro, ob Lëtzebuerg doduerch méi sécher gëtt. Dem Marc Baum no wär déi aktuell Menace den Terrorismus, an d'NATO hätt mam Kampf géint den Terrorismus näischt ze dinn. Wat international Konflikter ugeet, freet den Deputéierten vun déi Lénk sech, ob d'NATO se net selwer verschäerft. "Mir mengen net, datt d'Memberschaft an der NATO Lëtzebuerg méi sécher mécht."

De Verdeedegungsminister Etienne Schneider gesäit dat anescht. Déi verstäerkte Militärpresenz vun der NATO an der Proximitéit vu Russland wier eng Reaktioun op d’russesch Annexioun vun der Krim a regelméisseg Provokatiounen.

Obwuel Lëtzebuerg sech verstäerkt bei der NATO bedeelegt, net just mam Datazenter natierlech, mee mat anere Kommunikatiouns- a Logistikinstallatiounen a Projeten, a virun allem duerch d’Lëtzebuerger Participatioun u Militärexercicen an ëstlechen NATO-Memberstaaten an un de Séier-Asaz-Truppen, géing d’Regierung sech awer och fir eng Deseskalatioun op EU- an NATO Niveau staark maachen, sou den Etienne Schneider.

"Hautement confidentiel"

Net dobäi bei der Signature vum Kontrakt tëscht der Regierung an der NSPA den 9.5.2016, war de Fournisseur vum neien Datazenter, d’Firma EBRC. Op Nofro hi sot d’Firma eis, de Projet wier aus hirer Siicht “hautement confidentiel”.

Den Etienne Schneider sot sengersäits: "Ech kann net soen, firwat se net hei sinn. Mee dat wichtegst ass den Accord tëscht der Regierung an der NSPA. Si [EBRC] si just Zouliwwerer."