Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dauer-Kollektiv-Psychose muss ophalen"

Terrorismus

"Dauer-Kollektiv-Psychose muss ophalen"

D’USA hunn d’läscht Woch virun enger Rees a Frankräich gewarnt. Knapp eng Woch virun der Futtball-Europameeschterschaft, gëtt erëm Psychose gemaach, bedauert de François Aulner am Kommentar.

auto_stories

4 min

François Aulner

Et däerf ee net an Angscht verfalen an d’Fräiheeten opginn, soss hunn d’Terroriste gewonn. Dat héiert een ëmmer méi dacks, och vu Politiker. An awer: Regelméisseg gëtt Stëmmung an Angscht gemaach.​

D’Futtball-Stadie si potentiell Zilscheiwe fir terroristesch Uschléi, esou déi rezentst Warnung vum US-Ausseministère d’lescht Woch. Et géing awer keng explizit Menace ginn. An anere Wieder: keng Organisatioun huet ausdrécklech eng Attacke op Frankräich annoncéiert. D’Warnung géing sech op e Cumul vun Informatiounen baséieren.

Wat stëmmt, ass, datt Frankräich wéinst de Militär-Asätz am Mali, a Libyen, duerno am Irak an zulescht a Syrien de facto an engem Krichszoustand ass. D’Feinde vu Frankräich sinn incitéiert unzegräifen. Wat awer och stëmmt, ass datt souguer an Zäite vu Fridden (wat fir Frankräich ganz seelen de Fall ass), en Attentat ni auszeschléissen ass an en Attentäter, selbstverständlech éischter Plaze wou vill Leit si viséiert. Fir dat ze wëssen, brauch een am Fong keen Ausseministère. Terroristesch Uschléi wäerten et der weider ginn. Et gouf der virun ISIS an et wäert der duerno ginn.

Dauer-Kollektiv-Psychose muss ophalen

Datt den US-Ausseministère virun enger Gefor warnt, ass dorobber zeréckzeféieren, datt wann en dat net géing maachen an et kéim zu engem Attentat, da stéing e ganz schaarf an der Kritik. No Joren Dauer-Kollektiv-Psychose gëtt et elo awer Zäit fir domadder opzehalen.

Méi geschützt sinn d’Leit virun allem, wann d’Politik Deseskalatioun als éischt Optioun hëlt. Vergeltungschléi oder geopolitescht Aarmdrécken schafen déi eigentlech Menace, virun där och Plakeg-Scanner net schütze kënnen. Nach besser protegéiert wieren d’Leit dann, wann d’Ongläichheeten oder d’Marginaliséierung an der Gesellschaft méi kleng wieren. Dozou mussen Politiker, mee och d’Medien an d’Leit selwer bäidroen. Am Alldag.

En attendant, datt d’Welt gerecht ass, sollen d’Autoritéiten hir Aarbecht maachen: Enquêtéieren, verdächteg Terroristen am A behalen a bei konkreter Menace handelen. D’Psychose, déi muss awer ophalen.

D’Leit musse weider op d’Terrasse goen. D’Chancë vun engem Auto iwwerrannt ze ginn oder vun engem Miwwel doheem erschlo ze ginn, bleiwen ëmmerhin nach däitlech méi héich, wéi bei engem Attentat ëm d’Liewen ze kommen.

  • De Kommentar am Audio: