Radioen

On air

Notturno  |  Isaac Hayes - (They Long to Be) Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DDoS-Attack beim Staat: "Dat hei ass keng Kris"

Cybersécherheet

DDoS-Attack beim Staat: "Dat hei ass keng Kris"

​No der Cyberattack, déi e Méindeg de Moien ugefaangen hat, sinn déi informatesch Infrastrukture beim Staat am Laf vum Dag erëm an der Normalitéit ukomm. Dat seet den Direkter vum Centre informatique CTIE, de Gilles Feith. Fiktiv Demanden, déi eng Rei Serveren iwwerlaascht haten, hunn also bis op Weideres opgehalen.

auto_stories

2 min

Illustratioun: Scanrail / Bigstock

De Gilles Feith hält sech bedeckt, wat Detailer ugeet: Et wëll ee sech net an d'Kaarte kucke loossen beim Centre informatique. Fir ze verhënneren, datt déi Persoun oder Persounen hannert der sougenannter DDoS-Attack hir Strategie eventuell kéinten upassen.

Um Dënschdeg Moien, 10 Auer, huet den Direkter vum Centre informatique d'Situatioun folgendermoossen beschriwwen: "An de leschte 24 Stonnen ware mir ongeféier 80 Prozent vun der Zäit online, do ass also alles gaangen. De Moment ass déi Attack awer nach ëmmer en cours".

Trotz Attack konnt weider geschafft ginn

Um Méindeg kuerz virun hallwer zéng moies ass déi sougenannt Denial of Service-Attack detektéiert ginn: vu baussen sinn staatlech Servere mat fiktiven Demanden iwwerlaascht ginn. Als Konsequenz dovu waren ëffentlech Siten iwwert de ganzen Dag ëmmer erëm net ze erreechen. Intern an de Verwaltungen hätt awer normal kënne geschafft ginn, sou den Direkter vum Centre informatique. Och zum Beispill, well E-Mailen iwwert ee Server lafen, deen net betraff war. Et wier och net ongewéinlech, datt sou eng Attack méi laang am gaangen ass.

Wien hannert der Attack géif stiechen, wier net gewosst, sou de Gilles Feith. Gewosst ass, datt keng Donnéeë geklaut goufen. Wat war also d'Zil vun der Attack? "Den Interêt war do, fir dee Service net méi accessibel ze maachen." Am Fall vum Staat wier de Bierger betraff, dee keen Accès méi hätt. Bei private Betriber hätt dat grave Konsequenzen op de Business.

Keng Krisenzell aberuff

Attacke vum Typ DDoS wieren heefeg, seet de Gilles Feith. Vill dovu géifen direkt ofgewiert ginn. Eng mat sou ville Retombéeë wéi déi vum Méindeg wieren awer éischter seelen. Trotzdem: eng Krise-Cellule ass net aberuff ginn. "Dat ass keng Kris, dat hei." Déi Moyenen déi ee géif applizéieren, géife gräifen.

Um Dënschdeg Moien hunn all déi bedeelegt staatlech Zervisser sech gesinn, fir iwwer dat weidert Virgoen ze beroden. Mat dobäi als zentralen Acteur war de sougenannten "Computer emergency response team" vun der Regierung.