Radioen

On air

Notturno  |  Sylvie - Hold On Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den europäesche Kandidat

Franséisch Presidentiellen 2017

Den europäesche Kandidat

De Sondagen no huet de Benoît Hamon net vill Chancë fir franséische President ze ginn. Mat op senger Säit huet hien d'Ekologisten, déi fir d’éischte Kéier zanter 1974 keen eegene Kandidat nominéiert hunn. De Sozialist setzt ganz kloer op d'Europäesch Unioun, déi hien awer reforméiere well. An dofir ass et och kee Wonner, dat hien zu Bréissel op ee Wahlowend invitéiert hat.

auto_stories

3 min

De Benoît Hamon setzt op jonk Wieler, wéi dës Sympathisanten op engem Meeting zu Marseille (Foto: ©benoithamon.fr)

Virum Sall "La Madelaine" direkt hannert der "Grande Place" zu Bréissel stoungen d'Leit an der Schlaang, fir zur Dier eranzekommen. Schlussendlech huet gutt d’Halschent vun den iwwer 2000 Leit sech am Niewesall mat enger Video-Leinwand mussen zefridde ginn. Am Sall selwer hu sech niewent sozialistescher Polit-Prominenz virun allem vill Jonker mussen drécken.

Et misst een alles op engem europäeschen Niveau kucken. A fir vill Leit am Sall war et wichteg, datt nieft ville Fransousen och jonk Belsch, déi vu Politik passionéiert sinn, um Meeting mam Benoît Hamon waren. Well de franséische Presidentschaftskandidat Visioune fir Europa hätt. An de Benoît Hamon kéim duerch seng eege Jugend, seng Reformen a seng ekologesch Approche besonnesch bei de jonke Leit gutt un.

"Faire battre le coeur de la France"

D'Nicole, eng vun iwwer 50.000 Fransousen, déi zu Bréissel wunnen, seet, datt si vum Sozialist Hamon senger Ried iwwerzeegt wier. Och wann d'Ekologisten hiren éischte Choix wären. D'Tatsaach, datt de Kandidat vun de franséische Gréngen sech Enn Februar mam Benoît Hamon zesummegedoen huet, géif vu ville positiv opgeholl ginn. Ze gesinn waren och Pancarten, mam Benoît Hamon sengem Slogan: “Faire battre le coeur de la France”.

Dernieft hunn awer och Wieler de Wee an de Sall fonnt, déi nach net ganz iwwerzeegt waren. Fir Ambiance gouf vun der Bühn aus gesuergt, an dat mat klenge Videoen a Messagë virun allem u jonk Wieler.

Deen eenzegen europäesche Kandidat

De Benoît Hamon hat Verstäerkung mat op Bréissel bruecht. Fir den Ekonomist Thomas Piketty wär den Hamon deen eenzegen europäeschen Kandidat. Well et géif Kandidate ginn, déi betoune se wäre fir Europa, mä fir en Europa vu gëschter. Si géife fir e "Status Quo" stoen a géifen näischt Neies proposéieren, seet den Thomas Piketty. Deen eenzege Kandidat, dee bei dëse Presidentiellen iwwerzeegten Europäer wier, géif Benoît Hamon heeschen. Deen europäeschste vun alle Kandidaten zanter dem François Mitterand.

Eng vu sengen neien Iddie wär eng demokratesch Assemblée vun der Eurozone. Esou eng Assemblée géif aus nationalen an EU-Deputéierten zesummegesat ginn. Datt esou eng Iddi den Ablack net realistesch wär, war beim Wahlowend zu Bréissel egal. D'Iddi koum awer un.

Europa misst nei erfonnt ginn, seet de Grénge Yannick Jadot, fir deen d'Decisioun op eng eege Kandidatur ze verzichten historesch wär.

Eng Ried während där de Sall méi eidel gëtt

Däitlech manner muskléiert, mä éischter nodenklech war den Haaptmann vum Wahlowend seng Prestatioun. Et géing elo drëms goen, wéi eng Zort Vollek d'Fransouse wéilte sinn, sou de Benoît Hamon. Wéi eng Republik wéilte se: Solidaresch oder autoritär. A wéi e Message wéilte se der Welt ginn: Kooperatioun a Fridden oder Konkurrenz an Nationalismus.

De Benoît Hamon sot, e géif op Immigratioun setzen a krut dofir zu Bréissel vill Applaus. Grad wéi fir seng Annonce, aus der Atomenergie erauszeklammen. Dernieft war et och nach säi Bekenntnes zur Laïzitéit, dat fir hien d'Recht op de Foulard aschléisst.

Et war eng Ried, déi um Enn keng Euphorie ausgeléist huet. No enger gudder Stonn gouf et däitlech méi eidel am Sall. Sou muench Jonker hunn deen éischte Bilan bei enger Zigarett vrun der Dier gezunn.