Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bob Bertemes bleift bis 2024 Sportzaldot

Héichleeschtungssport

De Bob Bertemes bleift bis 2024 Sportzaldot

De Bob Bertemes bleift bis déi nächst olympesch Spiller an der Sportsektioun vun der Lëtzebuerger Arméi. De Bommstousser hätt virun der Olympiad zu Tokio matgedeelt kritt, datt säi Vertrag bei der Arméi bis 2024 verlängert gëtt.

auto_stories

2 min

Fir den 28 Joer alen Athlet war dat eng Erliichterung, hie misst elo net Angscht hu fir ze kucken, wat no der Olympiad zu Tokyo geschitt an ob hie mam Profisport misst ophalen. Wann hien dat eleng, ouni Kontrakt bei der Arméi, hätte wëlle privat weider maachen, misst hie sech Sponsore sichen. "Mee dann huet een och do erëm Verflichtungen", esou de Bommstousser.

Grousst Zil fir de Lëtzebuerger Bommstousser sinn elo déi nächst olympesch Spiller 2024 zu Paräis.

Mat senger Leeschtung zu Tokio ass de Bob Bertemes iwwerdeems net zefridden. Hien hat et gëschter net iwwer d'Qualifikatioun eraus gepackt a seet, eng Performance wier "extrem schlecht" gewiescht.

Bob Bertemes wäert Lëtzebuerger Fändel droen

Et bleift derbäi, datt de Bommstousser Bob Bertemes de Lëtzebuerger Fändel bei der Ofschlosszeremonie vun den olympesche Spiller dréit. De Bommstousser hat no senger Eliminatioun gëschter an der Qualifikatioun proposéiert, datt de Leefer Charel Grethen de Fändel bei der Zeremonie géif droen.

Wéinst de strenge Corona-Reegele bei de Spiller zu Tokio wier et awer net méiglech, kuerzfristeg ze wiesselen, esou de Bob Bertemes. Et hätt scho laang am Virfeld missten decidéiert ginn, wien de Lëtzebuerger Fändel droe wäert.

"Dofir soen ech op alle Fall nach eng Kéier e grousse Merci fir déi Ënnerstëtzung, datt ech dat dierf maachen. Ech denken, dat ass einfach eng riseg Éier, dat dierfen ze maachen."

D'Ofschlosszeremonie vun den olympesche Spiller ass e Sonnden.