Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Europa huet eis hei vergiess"

Corona-Kris

"Europa huet eis hei vergiess"

De Coronavirus mécht d'Grenzen ronderëm a bannent Europa zou. Flüchtlinge si besonnesch haart dovu getraff. Fir si gëtt et ëmmer méi schwiereg op sécher Plazen ze reesen. D'Liewenskonditiounen an den europäesche Flüchtlingslager gi weider méi schlecht. Wéi en Impakt huet d'Corona-Kris op dës vulnerabel Populatioun? D'Maxi Pesch gëtt en Abléck an den Alldag vun de Flüchtlingen an de Benevollen a Frankräich a Griichenland.

auto_stories

9 min

​Moien, ech heeschen Tia an ech si Benevole mat Care4Calais, eng Organisatioun, déi de Refugiéen a Frankräich zu Calais an Dunkerk an zu Bréissel hëlleft.

D'Kanner am Camp zu Dunkerk

Dat hei ass e Site, wou et zimmlech vill Ruine ginn, an deenen d'Famille liewen. Et muss ee sech virstellen, datt vill Steng an Dréck iwwerall ronderëm läit. D'Kanner spillen dodran.

Organisatioun Care4Calais deelt Iessen aus

Normalerweis deele mir hei Iessen aus. Mee haut hu mir individuell Päck fir d'Männer. Ongeféier 200 Männer sinn hei. Mir hunn een T-Shirt, e Boxershort, Strëmp an och en Desinfektiounsgel. Mir wäerten déi haut ausdeelen. Mir maachen eis bescht fir d'Distanz tëschent de Persounen anzehalen.

Zu Dunkerk musse sech d'Flüchtlingen elo selwer kachen. Dacks ouni Feier.

D'Tia trëfft den Ahemd. Hien huet 19 Joer an ass zanter annerhallwem Mount hei zu Dunkerk.

De Coronavirus huet alles futti gemaach. Mir kréien all zweete bis drëtten Dag Iesse bruecht, dat mir musse selwer kachen. Mee mir kréie kee Feier, keen Holz, wéi solle mir da kachen? Mir brauchen e Weenchen, mat deem musse mir 20 Minutten trëppelen an iwwer e Gelänner sprangen an da kënnt d'Police a spreet Pefferspray an eist Gesiicht. Hei ass mäi Kolleeg, hien huet Pefferspray an d'Ae gesprëtzt krut. Also wéi solle mir esou Holz kréie fir ze kachen.

Dusche mat kaalem Waasser

Et ass schwiereg u Waasser ze kommen a sech ze duschen. Well d'Dusch mécht op um 1 Auer mëttes an et ass just kuerz waarmt Waasser do. Ech wollt haut eng Dusch huelen, mee et war ze kal. Ech hunn déi lescht Dusch viru véier Deeg geholl.

Zeltplaz zu Dunkerk

Ech sinn der Meenung, datt de franséische Staat méi muss fir eis maachen. Viru véier Deeg ass d'Police komm. Si hunn d'Leit forcéiert matzekommen. Virun zwee Deeg koume se nees. A gëschter nees. Mir hunn Angscht, datt si och bei eis kommen an eis forcéiere vun hei fortzegoe fir an an aner Zenteren ze goen.

Dunkerk Refugiéscamp

Et goufen hei immens vill forcéiert Ausweisunge vum franséische Gouvernement fir d'Famillen an Zenteren ze bréngen, seet d'Tia. Verschidde Famille wieren a Lycéeë bruecht gi mat 50 Leit an engem Sall. Si géifen dee selwechten Dësch deelen, d'selwecht Toilette. Der Benevole no wier dat net adequat. Anerer wieren an Hoteller bruecht ginn. Si sinn an enger besserer Situatioun wärend dem Confinement, seet d'Tia. Et wier och wouer, datt d'Flüchtlingen hei Angscht hu fir an d'Zentere bruecht ze ginn, well si Angscht hunn doduerch net an England ze kommen. Dat ass eppes, wat d'Tia immens dacks héiert.

D'Equipe vu Care4Calais

Et ass immens och komplizéiert fir eis Benevoller. Well déi meescht hu Schwieregkeeten heihin ze komme well d'Grenzen zousinn. Mir sinn elo just zu siwe Stéck. Normalerweis si mir 20. A mir sinn eng vun deenen eenzegen Associatiounen, déi iwwerhaapt heihi kënnen a Päck liwweren. Mir kennen net all Dag heihikommen. Et gëtt och e grousse Besoin zu Calais. Mir hunn immens vill Aarbecht, immens vill Pressioun.

Gläich si mir zwou Stonnen hei. Dat ass déi normal Zäit, déi mir hei bleiwen. well dat ass de Minimum, deen ee brauch fir en Handy opzelueden.

Eriwwer a Griichenland

Den iwwerfëlltene Flüchtlingscamp op der griichescher Insel Samos

Zanter Januar schafft d'Sarah Griffith op der Insel Samos fir d'Associatioun Bridge 2. Zanter Mäerz setzt si fest am Lockdown.

D'Sarah Griffith

D'Liewenskonditiounen am Camp sinn zanter dem Lockdown nach méi miserabel wéi virdrun, wann dat iwwerhaapt méiglech ass. D'Leit sinn elo vun owes 7 bis moies 7 agespaart. Si dierfen nëmmen eraus fir bei den Dokter, oder eng Persoun aus der Famill dierf eraus fir an de Supermarché ze goen. Soss musse si am Camp bleiwen.

D'Situatioun fir onbegleete Kanner ass fuerchtbar. Mir hunn ongeféier 300 Stéck hei am Camp. Just dräi si vu Lëtzebuerg an Däitschland opgeholl ginn dës Woch.

Verschidde Konditiounen hei am Camp sinn einfach onbeschreiflech. Et gi portabel Toilettë vu Medecins sans frontières, mee et ginn der net genuch. An d'Fraen hunn Angscht owes op d'Toilette ze goen, well et net beliicht ass um Camp. Et gi Krinn mat Waasser, mee och hei sinn et der net genuch. E Samschdeg gouf et e Streit hei ëm d'Waasser, well et ëmmer méi waarm gëtt. Et gouf mat Steng openee geworf.

Dacks géife rietspopulistesch Parteien och Rumeure lancéieren. Wéi zum Beispill hei, den 20. Mäerz zu Samos. Wou d'Refugiéë geduecht hu si kréichen alleguer Pabeiere fir ze reesen. De Video krut d'Sarah Griffith vun engem Refugié geschéckt.


D'Refugiéen, déi hei a Booter ukomme ginn nees op déi tierkesch Säit zeréckgedréckt vun der Frontex. Mir kennen dat zwar net bezeien, mee mir hu keng nei Leit déi ukommen, an dat ass einfach net realistesch, well mir hunn normalerweis all Dag nei Leit, déi hei um Camp ukommen. Wat mir wëssen, ass datt 130 Leit am Hafe zu Samos ugehale goufen. Ouni adequat Facilitéiten. Mir hunn ausgehollef mat Kleeder an Iessen. Si sollten deportéiert ginn an Tierkei. Mee mir wëssen net, wat elo duerno geschitt ass mat hinnen.

Et gesäit esou aus, wéi wann d'Welt d'Refugiéen an den europäesche Campe vergiess hätt. A mat der Covid-Kris ass et nach méi schlëmm ginn. Bis d'EU net hei Responsabilitéit geholl huet a kuckt, wou déi substantiell Finanzéierungen hi sinn, wäert sech näischt änneren.

Et wier un der EU- Kommissioun fir d'Memberstaaten drop opmierksam ze maachen, wa se illegal Saache maachen, dat seet d'Catherine Wollard Directrice vum European Council on Refugees and Exiles, eng Allianz vu méi wéi 100 ONGen a 40 Länner, déi sech fir d'Rechter vun de Refugiéen asetzen. D'EU-Memberstaaten dierften de Coronvirus net ausnotze fir hir restriktive Mesurë géigeniwwer de Flüchtlingen ze justifiéieren.

Griichenland hat schonn d'Suspensioun vum Asylrecht verlängert an de Virus als Justifikatioun benotzt. Och verschidde Grenzen an Europa goufen zougemaach. An dat setzt d'Refugiéen engem Risk aus. D'EU Kommissioun huet Instruktioune ginn, datt Refugiéen, déi e Recht op International Protektioun hunn, musse kënnen iwwer d'Grenze kommen.

Positiv Säiten

Mee d'Associatioun hätt och positive Mesurë festgestallt, déi d'EU-Länner wärend der Corona-Kris entwéckelt hätten. Als Beispill nennt d'Directrice vum ECRE Portugal. Hei wier et eng large Regularisatioun vun den Asyldemandeure ginn. Zu Lëtzebuerg gouf den Droit de Residence fir verschidde Flüchtlinge verlängert. Verschidde Länner hunn hire Detentiounsregime manner streng gemaach an den Accès fir Aarbecht vereinfacht.