Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - America!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De feelende Bléck no Europa

Chamberwahlen 2018

De feelende Bléck no Europa

No de Wahle vun dësem Weekend probéiert Lëtzebuerg sech an der nationaler Politik nei ze sortéieren. D'Zukunft vun eisem Land spillt sech awer zu engem groussen Deel iwwer d'Grenzen eraus, mengt den onofhängege Journalist an Auteur Laurent Moyse an dësem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

De Wahlkampf ass eriwwer an elo gëllt et, eng nei Regierung op d'Been ze setzen an déi nächst fënnef Joer ze gestalten. No deem kuerze Sprint vun de Parteien no der Summervakanz, wou d'Rhetorik iwwer d'national Identitéit an d'Bedeitung vun der Lëtzebuerger Sprooch eng zimlech grouss Plaz ageholl huet, wäerten eis Politiker deemnächst déi éischt Weiche stellen, fir d'Europawahle vum nächste Joer virzebereeden.

Obschonn ''Europa'' an de Wahlprogrammer vun de Parteien erwäänt gouf, huet dee Sujet am Wahlkampf keng grouss Roll gespillt. Eng Ursaach fir dat Zeréckhale kéint sinn, datt d'Politik sech virbehält, déi Thematik nächst Joer méi grëndlech duerchzediskutéieren. Een anere Grond ass, datt an de leschte Wochen éischter national Suergen d'Wieler beweegt hunn, wéi de Wunnraumproblemer, d'Mobilitéit oder d'Schoulausbildung. Souguer d'Flüchtlingsfro, déi zum potentiellen Zündstoff an der politescher Debatt hätt kënne ginn, ass am Verglach mam Ausland zimlech sachlech ugepaakt ginn.

Thema Europa a lëtzebuergeschem Wahlkampf ënnergaangen

Europa spillt awer eng grouss Roll an eisem Alldag, net nëmme well Lëtzebuerg als Grënnungsmember vun der EU weiderhin eng wichteg Roll spillt, mee well eist Land politesch enk mat den anere Memberlänner um wirtschaftlechen an um politesche Plang verstréckt ass. Vill vun de Gesetzesprojeten, déi an der Chamber debattéiert a gestëmmt ginn, bezéie sech direkt oder indirekt op europäesch Initiativen. E Land wéi Lëtzebuerg ass haut schwéier vum europäesche Kontext ze trennen, och wann et eenzel extrem Stëmme ginn, déi d'EU am léifste schonn haut wéilten opléisen.

Datt mir als klengt Land eng Strategie brauchen, fir Europa grad an dëser schwiereger Zäit op der richteger Bunn ze halen, ass am Wahlkampf zimlech ënnergaangen. Wann ee gesäit, wéi chaotesch d'EU-Länner a verschidden Dossiere virgaange sinn, brauch ee sech net ze wonneren, datt de populisteschen Trend, dee sech an ëmmer méi Länner bemierkbar mécht, weider verstäerkt. Dat Lamentéieren an d'Indignatioun, déi ee munchmol queesch duerch Europa héiert, si jo schéin a gutt, mee domat erreecht een net ganz vill.

Lëtzebuerg ka mat positivem Beispill virgoen

Et geet net duer, datt d'politesch Elite sech dorop begrenzt, fir géint déi ze stänkeren, déi den Nationalismus mat rassisteschem Ënnertoun virundreiwen oder sech am Numm vun engem falsch verstanenen Humanismus fir d'Anarchie staark maache wëllen. Et ass och paradoxal, wann déiselwecht Leit sech iwwer déi opreegen, déi iwwerall kommerziell Hürden opstelle wëllen an am selwechten Otemzuch d'Konsequenze vun der Globaliséierung oder vun engem net weider definéierten Neoliberalismus kritiséieren.

Den Ënnergangstoun, dee vill Politiker ronderëm sech streeën, riskéiert d'europäesch Landschaft weider politesch ze rëselen. Europa huet eng bedeitend Geschicht hanner sech, déi grouss Erfolleger, mee och schrecklech Säiten opzezeechnen huet. Lëtzebuerg huet gutt Kaarten, fir sech als Laboratoire vun enger verdéifter Integratioun an Europa ervirzedoen. Dofir brauch een awer Politiker, déi eng Visioun hunn a bereet sinn, sech dofir anzesetzen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.