Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De franséisch-däitschen Tandem ënner Drock

Chronik

De franséisch-däitschen Tandem ënner Drock

E Mëttwoch war den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz op Besuch beim franséische President Emmanuel Macron. Et gouf vill ze diskutéieren, well et vill Tensiounen tëschent Paräis a Berlin ginn. D'Lëscht vun den Desaccorden ass laang, den Timing denkbar schlecht. Et ass eng Belaaschtungsprouf, déi iwwer d'Grenz vu béide Länner eraus wierkt, seet de Max Tholl, eise Korrespondent zu Paräis.

auto_stories

3 min

De franséische Staatspresident Emmanuel Macron an den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz. Foto: picture alliance/dpa | Fabian Sommer

Et ass e fest Ritual an de Bezéiungen tëschent Paräis a Berlin: all Joer treffe sech béid Regierunge fir e Conseil, bei deem d'Kooperatioun tëschent béide Länner verstäerkt soll ginn.

Relatiounen tëschent Däitschland a Frankräich: Et kriselt

Eigentlech wier et leschte Mëttwoch nees souwäit gewiescht, mee d'Treffen huet an de Januar misse verluecht ginn. Den däitsche Regierungsspriecher Steffen Hebestreit huet duerchblécke gelooss, datt et niewent Konflikter beim Datum och "anhaltender Abstimmungsbedarf" bei gewësse Sujete gëtt.

E wéineg manner diplomatesch formuléiert: et kriselt tëschent béide Länner. Amplaz vum Ministerconseil war e Mëttwoch wéinstens de Kanzler op Besuch am Hexagon, mee vun enger harmonescher Aarbechtsvisitt ka keng Ried sinn. Net emol eng gemeinsam Pressekonferenz gouf et no der Reunioun vun den zwee Regierungscheffen.

Energiepolitik: Onverständnis op béide Säiten

Et kann een den Androck kréien, datt et grad méi Desaccorde wéi Konsens tëschent béide Länner gëtt, besonnesch wat d'Energie- an d'Verdeedegungspolitik ugeet.

Zu Paräis war ee wéineg erfreet iwwer den däitschen Doppelwumms, mat deem de Kanzler Scholz d'Konsequenze vun der Energiekris wëllt offiederen. Villméi ginn d'Hëllefsmesüren als däitschen Alleingang ugesinn, deen eng gemeinsam europäesch Linn konterkaréiert.

Zu Berlin iwwerdeems beschwéiert ee sech iwwer de franséischen Nuklearpark, deen esou wéineg Stroum produzéiert, datt Däitschland muss aushëllefen an zwee Atomkraaftwierker am Streckbriet hält.

Och ass d'Bundesregierung wéineg erfreet doriwwer, datt Frankräich net op d'Midcat-Pipeline an de Pyrenäe setzt, mee eng eege Pipeline tëschent Marseille a Barcelona baue wëllt.

Déi däitsch Gasakeef hirersäits stoussen op wéineg Verständnis am Hexagon. Bei aller Rhetorik vun Energiesolidaritéit, den Ament wierkt et éischter no nationaler Interessepolitik, déi sech schwéier an Harmonie brénge léisst.

Tensiounen och bei der Verdeedegungspolitik

Sou gesäit et och bei der Verdeedegung aus, wou Frankräich zanter Joren Drock op d'Bundesregierung mécht, fir déi gemeinsam EU-Projeten unzedreiwen. De Krich an der Ukrain huet zwar zu engem Ëmdenken an der däitscher Verdeedegungspolitik gefouert, mee och hei leie Paräis a Berlin nach wäit auserneen.

Däitschland mécht sech fir een europäesche Loftofwierschierm staark, deen, dee Frankräich mat entwéckelt huet, wëllt een zu Berlin awer net. Och soss schéngt een hei éischter op Technologien aus den USA ze setzen, wéi op déi aus dem Nopeschland.

Dës Tensiounen tëschent béide Länner hunn natierlech Auswierkungen op de Recht vun der EU - grad elo, wou Zesummenhalt ëmsou méi wichteg wier fir Russland net an d'Kaarten ze spillen.

Den Duo Scholz-Macron - sou vill steet fest - ass net vun der frëndschaftlecher Verbonnenheet charakteriséiert, déi soss d'Relatiounen tëschent béide Länner gepräägt huet. Do hëlleft et och net, datt béid Staatsmänner doheem grad massiv an der Kritik stinn an den Drock op si wiisst.

D'lescht Woch nach huet den Emmanuel Macron gewarnt, Däitschland dierft sech net isoléieren. Dozou gehéiert awer och e Frankräich, dat sech op säin Noper zoubeweegt. Soss rullt den däitsch-franséischen Tandem geschwënn net méi mee bremst - an zwar zolidd.