Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De gëllenen Ticket

Däitschland

De gëllenen Ticket

Zanter zwou Wochen ass an der Stad Tübingen a Baden-Württemberg d'Normalitéit nees do. Terrasse sinn op, genee wéi d'Butteker an d'Theateren och. Méiglech mécht dat Ganzt e Pilotprojet. Bis elo huet ganz Däitschland op Tübingen gekuckt a sech gefrot: wat kann een dovu léieren? Mee d'Fassade fänkt u mat bréckelen.

auto_stories

3 min

Et kléngt esou einfach. E negativen Antigen-Schnelltest - a scho kritt ee säin Ticket zeréck an d'Normalitéit. Dat ass zanter dem 15. Mäerz an der 90.000 Awunner-Stad Tübingen, eng hallef Stonn vu Stuttgart ewech, Realitéit.

Mam Modellprojet "Öffnen mit Sicherheit" test d'Stad zanterhier eng Méiglechkeet, wéi een an eng Zort "normal" Welt kéint zeréckkommen. De Prinzip ass simpel: Wien an d'Innenstadt vun Tübingen wëllt eran, muss e Schnelltest maachen - sur place. Wien negativ ass, kritt e Bändche ronderëm den Aarm, wat signaliséiert: ech si sécher. An der Alstad vun Tübingen ass dann alles op: Béiergäert a Restauranten, Caféen, Butteker, souguer den Theater.

Accès gëtt limitéiert

An enger Zäit, an där aner Bundeslänner iwwer d'Noutbrems a méi strikt Mesurë schwätzen, ass den Tübinger Modell verlackend - ze verlackend souguer. Well esou vill Leit vun ausserhalb an der leschter Woch hir al Fräiheet nees wollte schmaachen, huet Tübingen missen den Undrang agrenzen.

Just nach 3.000 Ticketen den Dag ginn elo verdeelt, seet de Buergermeeschter Boris Palmer vum Bündnis90/Die Grünen. Et misst een dofir suergen, datt et zu kengem "Städtetourismus" kënnt, et géif een net wëlle probéieren, wéi vill Leit an eng kleng Stad passen, méi wéi een d'Infektiounen an de Grëff kritt.

De Projet steet ënner Kritik

No ronn zwou Woche vum Pilotprojet gëtt elo d'Kritik méi haart. Tübingen wier de Versuch vun enger Léisung, net déi tatsächlech Léisung, heescht et. Virun allem gëtt et keng Donnéeën, déi beweisen, datt Tübingen besser duerch d'Situatioun kennt wéi aner Stied.

Au contraire: eleng an der leschter hallwer Woch huet sech d'Inzidenz verduebelt - vu 35 leschten Donneschdeg op bal 80 um Dënschdeg-Owend. De Buergermeeschter Palmer wëllt weiderhin um Projet festhalen: d'Signal vun der Hoffnungslosegkeet wier nämlech vill méi geféierlech. No engem Joer Pandemie wieren d'Leit midd an hätten es genuch.

Wann ee just nach vu Lockdown schwätzt géifen d'Leit iergendwann net méi mat maachen, an dee System géif dann och net méi funktionéieren. Dofir géif d'Stad Tübingen en alternative Wee siche fir d'Pandemie ze kontrolléieren.

Kann déi Iddi funktionéieren?

Aner Politiker fuerderen allerdéngs, de Projet elo ze stoppen. Den SPD-Gesondheetsexpert Karl Lauterbach sot, de Prinzip "Testen amplaz Lockdown" géif keng Resultater bréngen, et misst ee scho béides kombinéieren. De Modellprojet wier keen Hoffnungssignal, mee e falscht Signal.

Nach d'lescht Woch hat souguer d'Kanzlerin Angela Merkel gesot, datt jiddwer Oberbürgermeister a Landrat fräi wier, eng änlech Strategie ze fueren, wéi dat an Tübingen probéiert gëtt - de Bund géif dat och ënnerstëtzen.

Elo schéngt den Tübinger Projet sou gutt ewéi um Enn ze sinn. De Buergermeeschter Palmer huet mëttlerweil souguer eng Ausgangsspär nees an d'Spill bruecht. Et wäert nach vill musse getest a probéiert ginn, bis e Modell fonnt gëtt, dee wierklech funktionéiert.