Radioen

On air

Tockcity  |  Girl In Red - Doing It Again Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Grand-Duc Jean a seng Passioun fir d'Natur

Lëtzebuerg seet Äddi

De Grand-Duc Jean a seng Passioun fir d'Natur

"De Grand-Duc Jean huet d'Natur gutt kannt", esou de Franz-Charles Muller, fréiere President vun der Fondatioun Natur an Ëmwelt a studéierte Forstingenieur. Duerch déi eegen Aarbecht an dem verstuerwene Grand-Duc seng Passioun fir d'Ëmwelt hu sech d'Weeër vu béide Männer méi dacks gekräizt. Déi éischt Renconter tëschent den Naturfrënn gouf et schonn am Joer 1957 op engem Scoutscamp an England.

auto_stories

3 min

Well de groussherzoglechen Haff a Besëtz vun enger sëlleche Bëscher war an ass, géing et an der Natur vun der Saach leien, datt de Forstingenieur Franz-Charles Muller an de Grand-Duc Jean méi wéi eng Kéier zesummekomm wieren. Virop bleift de verstuerwene Grand-Duc dem Franz-Charles Muller als Planze-Mënsch an Erënnerung.

Hie war méi staark mat de Planzen, mat de Beem, mat den Hecken. Op engem vu senge Gebuertsdeeg hat d'Personal vum Haff eng Planzaktioun zu Fëschbech, wou eng Heck geplanzt ginn ass, déi hie vu sengem Zëmmer aus konnt gesinn. An dat huet him natierlech immens vill Freed gemaach.

An Erënnerung bleift dem Franz-Charles Muller virun allem e Grand-Duc, dee sech staark fir d'Beem interesséiert huet. Eng Virléift duerch déi, sou mengt de Franz-Charles Muller, e Spëtznumm fir dem Grand-Duc säi Fils, den aktuellen Grand-Duc Henri entstanen ass.

Hie war wierklech een, dee mat de Beem ganz frou war. Eng Aktioun, déi hien och gemaach huet, dat war, bei engem besonnesche Gebuertsdag, datt hien all Gemeng eng Lann geschenkt huet. An dofir ass vläicht och e bëssen den Numm fir säi Fils opkomm, "Lannenhari", dee mol dorëmmer gebraucht ginn ass.

Foto: Fondatioun natur an Ëmwelt

De Grand-Duc Jean wier e Mënsch gewiescht, dee sech immens gutt an der Natur Fauna auskannt huet, esou de Franz-Charles Muller. Vill Leit géifen dat wahrscheinlech guer net wëssen, esou de pensionéierte Forstingenieur.

Als jonke Prënz ass hie mam Direkter vum Musée, dem Marcel Heuertz, ëfters erausgefuer, fir eben d'Natur ze studéieren. A wann hien éierens komm ass, an et huet ee verschidden extra Planze gesinn, dann huet hien direkt gesot: 'Dat ass dat an dat.' Zum Beispill 'Op der Kaalber Millen, do steet d'indescht Springkraut.'

Besonnesch gäre wier de Grand-Duc am Éislek an am Syrdall gewiescht, esou de Franz-Charles Muller. Gutt an Erënnerung ass dem Franz-Charles Muller dës Anekdot vum verstuerwene Grand-Duc Jean.

Du si si eng Kéier am Bësch hänke bliwwe mam Auto an net méi erauskomm. Dunn hu si e Bauer gefrot, hie sollt si mam Trakter erauszéien. Dat huet de Bauer och gemaach. An du wollte si dem Bauer e puer Suen an de Grapp drécken, an du si si an d'Täsch gefuer a weder de Marcel Heuertz, nach de Grand-Duc Jean, de Prënz deemools, haten e Su an der Täsch.

Foto: Fondatioun natur an Ëmwelt