Radioen

On air

De Moien  |  Bullion - World_train (feat. Charlotte Adigéry)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jamal Khashoggi: Zéien d'USA Konsequenzen?

Verschwonnene Journalist

Jamal Khashoggi: Zéien d'USA Konsequenzen?

Amerikanesch Medie mellen, datt Saudi-Arabien prett wier zouzeginn, datt si de Journalist Jamal Khashoggi an hirem Konsulat zu Istanbul ermort hunn. D'Enquête vum Kinnekräich soll zouginn, datt de Khashoggi virun zwou Wochen ausgefrot gouf an am Kader vun engem Verhéier, wat schif gaangen ass, ëm d'Liewe koum. D'Trump-Regierung huet an Tëschenzäit den Ausseminister Mike Pompeo op Riyadh geschéckt fir méi erauszefannen. De President Donald Trump hat annoncéiert, datt d'USA prett wiere fir ee vun de gréissten Alliéierte vun den USA ze bestrofen.

auto_stories

4 min

Den US-President Donald Trump huet gëschter Moie mat Journaliste virum Wäissen Haus geschwat. Hir Prioritéit ass d'Liewe vun engem Kolleeg. Den Jamal Khashoggi ass elo schonn zwou Woche laang net méi gesi ginn. Deen Dag ass hien zu Istanbul an d'Konsulat vu sengem Land Saudi-Arabien gaangen an ass net méi eraus komm. De Khashoggi, e Kritiker vum Regime zu Riyadh an e Kolumnist fir d'Zeitung Washington Post hat en Doheem an Nopeschstaat Virginia.

Den Donald Trump ass ënner Drock de Regime vu Saudi-Arabien ze bestrofen. Hien huet virum Wäissen Haus viru sengem Depart mam Helikopter iwwer säin Uruff mam Kinnek Salman vu Saudi-Arabien geschwat. Et géif een näischt dem Zoufall iwwerloossen. De Kinnek vu Saudi-Arabien hätt him awer kloer ze verstoe ginn, datt hien näischt vun där Saach géif wëssen, sou den Donald Trump. "Ech wëll seng Gedanken net interpretéieren, mee et héiert sech u wéi wann et sech kéint bei deem Mord ëm Leit ausserhalb vum Regime handelen. Wie weess, mir probéiere séier d'Erklärung ze fannen. Mee hie sot mir kloer, datt hien alles dementéiert."

Waffekeef als Drockmëttel vu Saudi-Arabien

Den Donald Trump schéngt also d'Meenung vum Kinnek ze gleewen. De President hat nach de Weekend mat enger schroer Bestrofung gedreet, wann et sech da sollt erausstellen, datt den Jamal Kahashoggi um Territoire vu Saudi-Arabien zu Istanbul ermort gouf. Den Trump refuséiert eppes ganz kloer: eng Bestrofung géing keen Impakt hunn op de lukrative Waffenhandel tëschent den zwee Länner. E Samschdeg huet de President seng Grënn dofir am Oval Office ginn.

Et géif ëm 450.000 Aarbechtsplaze goen, sou den US-amerikanesche President. "Wa si eis déi net sollten ofkafen, da gi si a Russland oder a China hir Waffen akafen", seet den Donald Trump.

Den amerikanesche President kéint theoretesch op d'mannst zimlech séier erausfannen, wat zu Istanbul geschitt ass, méi wéi de Kinnek Salman him an engem Telefonsgespréich erzielt. Déi amerikanesch Geheimdéngschter an och de NATO-Alliéierten aus der Tierkei kéinten déi Detailer séier parat hunn. Mee dem Trump seng Reaktioun ass et den Ausseminister Mike Pompeo op Riyadh ze schécken. Hie kéint och spéider op Istanbul geschéckt ginn, wou tierkesch Enquêteure gëschter an d'Konsulat eragelooss goufen.

USA kéinte Saudi-Arabien wirtschaftlech ënner Drock setzen

Do gouf den Jamal Khashoggi héchstwahrscheinlech ermort. All Hoffnungen hien ze fannen, verschwannen elo ganz séier. Dat weess och den Jason Rezaien. Hien ass de Chef a Kolleeg vum Jamal Khashoggi bei der Washington Post.

De Rezaian ass selwer och an der Vergaangenheet als Journalist an déi falsch Hänn geroden. Hie gouf 18 Méint laang vum Iran festgehalen. Ech hunn den Jason Rezaian getraff fir iwwer de Fall vu sengem verschwonnene Kolleeg ze schwätzen. Den Jamal Khashoggi hätt sech ni als Géigner vum Regime gesinn, mee als e Mann, dee fräiwëlleg am Exil war. "Hie wollt dat Bescht fir säi Land an huet dat Bescht vum Regime erwaart", sou den Jason Rezaian.

An der amerikanescher Regierung huet sech net vill gedoen, zanterdeem ech de President viru genee enger Woch iwwer de Fall vum Jamal Khashoggi ausgefrot hat. Den Jason Rezaiaian erwaart sech méi vu senger Regierung. "Ech wëll, datt d'amerikanesch Regierung eng haart Linn hëlt an hir Relatioun mat Saudi-Arabien a Fro stellt. Déi wirtschaftlech Liene mat hinne sinn dem President ze wichteg fir se a Fro ze stellen. Dat ass eng ängschtlech Aart a Weis mat der Saach ëmzegoen, mee mir sinn dat gewinnt."

Nach virun e puer Deeg hat Saudi-Arabien all Responsabilitéit fir den Doud vum Jamal Khashoggi dementéiert. Déi Versioun schéngt sech an deene leschte Stonne verännert ze hunn.