Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jugendschutz zu Lëtzebuerg

Table ronde

De Jugendschutz zu Lëtzebuerg

De Justizminister huet op en neits ugekënnegt, datt hie séier Amendementer wëllt ausschaffe fir déi geplangte Reform vum Gesetz vun 1992 iwwer de Jugendschutz. "Et misst méiglech sinn, a relativ kuerzer Zäit, op e gemeinsamen Text mat gemeinsame Conclusiounen ze kommen, déi eis och international immens gutt dohinner stellen", huet de Félix Braz annoncéiert.

auto_stories

1 min

Pro Joer gi bei der Lëtzebuerger Justiz ronn 1.100 Dossiere fir Mannerjäreger nei opgemaach, déi Affer oder Täter gi sinn: nëmme ronn 40 Dossieren dovu kéimen awer virun de Jugendriichter, huet de Procureur d'Etat adjoint David Lentz erkläert. Et wier een also net iwwerdriwwe repressiv. Dës Zuele géife weisen, datt et hei am Land eng "kannerfrëndlech Justiz" géif ginn, esou de Vertrieder vum Parquet.

All Jugendriichter géif de Moment tëschent 800 bis 1.000 Dossiere behandelen, esou d'Simone Flammang vum Parquet général. Si huet méi Personal gefuerdert, bei de Jugendriichter a bei de Jugendparqueten. Hir Erwaardung ass - no der geplangter Reform - e praktikabelt Jugendschutzgesetz. Dat eleng géif awer net duer goen, huet d'Simone Flammang betount.

Riichter si manner schlëmm wéi duergestallt

D'Jugendriichter géifen eng aktiv Roll spillen, a si géife ganz iwwerluechten Decisiounen huelen, fënnt d'Béatrice Kieffer. Si ass Riichterin an Directrice vum Jugend- an Tutelles-Tribunal. Mat der ëffentlecher Duerstellung vun de Jugendriichter ass si net zefridden.

Dat aktuellt Jugendschutzgesetz aus dem Joer 1992 géif et och erlabe fir gutt Decisiounen ze huelen, esou Jugendriichterin Béatrice Kieffer. De Riichter hiert Ziel wier et, datt d'Kanner an hire Famille kéinte bleiwen. Wann et awer zu Placementer kënnt, da wier et wichteg, d'Eltere mat an d'Boot ze huele fir Verbesserungen ze erreechen.