Radioen

On air

Tockcity  |  Paul Wetz - Ode An Den Bass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kampf géint Plastiksoffall

Plastik

De Kampf géint Plastiksoffall

Plastiksverpackunge staark reduzéieren, dat war d'Fuerderung vun enger Petitioun, déi vu méi wéi 5.000 Bierger mat ënnerschriwwe gouf. Bei der ëffentlecher Debatt an der Chamber si sech d'Deputéiert, d'Ëmweltministesch an d'Petitionären eens ginn.

auto_stories

3 min

Ob Geméis, Uebst, Fleesch oder soss Liewensmëttel: de Plastik ass an de Supermarchéen iwwerall present, obwuel déi meescht Uebstzorten eng Schuel hunn, déi se schützt. D'Verpackung ass deemno an deene meeschte Fäll komplett iwwerflësseg.

Ee Paradigmewiessel ass néideg

D'Konsequenze sinn evident. Pro Joer a pro Kapp ginn 39 Kilo Plastik verbraucht, fir dat ganzt Land sinn et 23.000 Tonnen, nëmmen 22 Prozent gi recycléiert.

D'Léisung läit awer an der Vermeidung vun Ufank un a net un éischter Stell beim Recyclage, soen d'Petitionären, déi ee Paradigmewiessel fuerderen. D'Valérie Ortiz Palafox mengt, datt et net einfach ass, sou vill Plastik ze recycléieren an et géif een u seng Limitte kommen. Dofir misst een ëmdenken a méi an d'Preventioun investéieren, sou datt een d'Offäll vermeide kann.

Alternativ Modeller fir manner Offall

D'Regierung wäert iwwer Gesetz Moossnamen ergräife fir den Asaz vu Plastik erofzedrécken. Zanter dem 1. Januar si gratis Plastikstuten an de Geschäfter scho verbueden. Do soll no Alternative gesicht ginn, esou d'Ëmweltministesch. Geschafft gëtt un nohaltege Produiten, datt richteg Alternative proposéiert ginn, beispillsweis Stoffsäck. Et géif hei schonn ee Pilotprojet ginn, esou d'Carole Dieschbourg.

Iwwer Gesetz sollen Objeten, déi nëmmen eemol benotzt ginn, wéi Plastikscouverten oder Tellercher verbuede ginn. Ee weidere Pilotprojet gouf mat der Wanderfederatioun lancéiert fir d'Fro vun de Plastiksbecheren ze léisen. An enger éischter Phas hätt ee grouss Becheren ugebueden, déi d'Leit kafen a méi dacks benotze kënnen. Dëst Joer wier d'Initiativ ee Schratt weiderkomm: D'Leit missten elo eppes bezuelen, wa si hire Becher vergiess hunn an en neie bräichten.

Eng grouss Kommissioun, déi sech mam Thema beschäftegt

D'Petitiounskommissioun vun der Chamber huet no där ëffentlecher Debatt wëlles, sech méi intensiv mat där Problematik vum Plastik ze befaassen, esou d'Presidentin vun där Kommissioun, d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp Arendt. Et géif hei eng grouss Kommissioun ënner der Leedung vun der Ëmweltkommissioun an d'Liewe geruff ginn.

Aner Kommissiounen, wéi déi vun der Ekonomie, déi vum Mëttelstand an déi vum Interieur géifen hei matagebonne ginn, fir datt d'Problematik vum Plastik zesumme kéint ugaange ginn. Ofschléissend wéilt een e Rapport maachen, an en Debat an der Chamber doriwwer féieren, esou d'Nancy Kemp Arendt.

De Verbuet vu Mikroplastik national reegelen

Manner visibel a vläicht nach méi schiedlech fir d'Ëmwelt sinn d'Mikroplastiken, déi een an de Kosmetikartikele fënnt, wéi Zännseef, Duschgel a Peeling-Crèmen. Déi Mikropartikele fléisse mam Waasser an d'Flëss.

Schweden an eng Rei aner Länner wëllen elo Neel mat Käpp maachen, Lëtzebuerg ass och prett dee Schratt ze maachen, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, well och wa Schweden, Frankräich a Lëtzebuerg sech hei engagéiert hätten, wier een nach "net ganz wäit komm".

Dofir wéilt een zu Lëtzebuerg de Mikroplastik national reglementéieren a verbueden. Mikroplastik wier nämlech iwwerflësseg a géif och an d'Gewässer fléissen. Et wier wichteg fir an d'Preventioun ze investéieren, fir dësem Problem zevirzekommen, "an do wëlle mir eis eng legal Basis um nationalen Niveau ginn".

D'Strategie Zero Waste Luxembourg wier d'Zil vun der Regierung, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. D'Ekonomie zirkulär, wou d'Ressourcen e puermol kënne genotzt ginn, soll op ganz ënnerschiddlech Niveauen agesat ginn, esou d'Carole Dieschbourg.