Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Klimabiergerrot presentéiert seng Revendicatiounen

Hearing an der Chamber

De Klimabiergerrot presentéiert seng Revendicatiounen

Zwee Nomëtteger huet d'Chamber sech reservéiert fir d'Fuerderunge vum Klimabiergerrot virgestallt an erkläert ze kréien. Deen éischten Hearing war en Dënschdeg, haut um Mëttwoch geet et virun. De Maurice Molitor erkläert, wat beim éischten Hearing geschitt ass.

auto_stories

3 min

De Klimabiergerrot stellt seng Fuerderungen iwwer zwee Deeg an der Chamber vir. Foto: Chambre des Députés / CC BY-ND 2.0

Simon: Bestëmmt, Maurice, weess net jidderee, wat et mat deem Biergerrot op sech huet, dofir - fir unzefänken - vläicht e Wuert Explikatioun...

Maurice: Jo, et ass eng Saach, déi virun zimmlech genee engem Joer ugefaangen huet - mat dëser Ukënnegung vum Staatsminister an der Chamber:

"Et ass Zäit fir en innovativen demokratesche Projet, ewéi et en an där Form zu Lëtzebuerg nach net gouf. Et ass Zäit, d'Gesellschaft un de Verhandlungsdësch vun der Klimapolitik ze setzen. Ech wäert dofir e Klima-Biergerrot aberuffen. Dëse Biergerrot soll sech aus 100 Memberen zesummesetzen, déi déi demografesch Realitéit zu Lëtzebuerg representéieren an domat stellvertriedend fir d'Populatioun wäerte stoen."

... esou also de Xavier Bettel den 12. Oktober 2021 a senger Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber. An et ass net bei där Ukënnegung bliwwen: ufangs Januar sinn d'Leit selektionéiert ginn, den 29. Januar war de Kick-off, also den offizielle Optakt vun den Aarbechten vun deem Biergerrot.

Dëse Biergerrot huet sech, am Laf vun den nächsten aacht Méint ëmmer erëm gesinn, e puer mol wärend ganze Weekender, fir nozedenken, ze diskutéieren, op der Basis vu Virträg vun Experten, vu Visitten um Terrain och. De 15. September huet de Biergerrot d'Resultat vun all sengen Iwwerleeungen a Form vu 56 konkrete Revendicatiounen virgeluecht.

Dat heescht, déi Fuerderunge ware bekannt an d'Deputéiert si se net eréischt gëschter gewuer ginn?

Nee, nee déi leie säit dräi Wochen um Dësch. Den Hearing an der Chamber war geduecht, fir se mëndlech virzedroen, fir och en Échange mat den Deputéierten ze kréien, déi Froe stellen a Commentaire maache konnten. Dat ass gëschter geschitt zu den Theeme Landwirtschaft, Logement an Educatioun, an dat geschitt haut mat de Revendicatiounen an de Beräicher Transport, Offall, Waasser, Industrie an Energie.

Sinn dat da Fuerderungen, déi eng Chance hunn opgegraff ze ginn, oder gi se dofir ze wäit?

Nee, ze wäit gi se net - an dat ass iwweregens e Reproche, deen deem Klimabiergerrot gemaach ginn ass, datt en ze brav war, datt e roueg méi frech Revendicatiounen hätt kënnen oder souguer solle stellen, datt en "out of the box" hätt sollen denken. Firwat dat schwiereg war, huet ee Member vun deem Gremium esou erkläert:

"Mir hunn dat eriwwer bruecht wat e Grupp, deen zesumme gewierfelt ginn ass, zesummebréngt an esou enger Zäit. Do kann een "out of the box" probéieren. Mee do gëtt ee ganz schnell agefaange vun enger gewësse Realitéit, well et muss ee kucken, datt een eppes op den Chart bréngt, an duerno een Text doraus mécht."

Et sinn zum gréissten Deel Fuerderungen, déi och scho vun anere gemaach gi sinn. Manner Fleesch iessen, méi Beem planzen, besser isoléieren (fir elo dräi ganz klassescher ze huelen). Déi keckst (wann ech esou ka soen) ass wuel déi, fir d'CO2 Steier vun haut 25 op muer 200 Euro pro Tonn eropzesetzen. Mee am aktuelle politesche Kontext ka ee sech nëmme schwéier virstellen, datt déi Iddi, och nach am Joer virun de Walen, opgegraff sollt ginn.

Wéi geet et weider? Wat geschitt mat deene Fuerderungen?

Wat d'Politik schlussendlech zeréckbehält, oder wëlles huet zeréckzebehalen, dat wäert sech an dräi Woche weisen: fir d'Chamber war (oder ass - haut geet e jo virun) deen Hearing eng Virbereedung op eng Debatt, déi an der Woch virun Allerhellege soll am Chamberplenum geféiert ginn. Do mussen d'Fraktiounen da Faarf bekennen. An d'Membere vum Klimabiergerrot wäerten deen Debat mat besonneschem Interessi verfollegen. Wéi sot eng Madamm aus dem Hearing gëschter:

"Merci, datt mer heihinner kënne kommen an datt Der eis nolauschtert. Ob mer gehéiert ginn, dat ass dann eng aner Saach... Hoffe mer mol... "