Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Klimawandel begleeden

Iwwerschwemmungen

De Klimawandel begleeden

Duerch d'Zersiidlung an de Klimawandel ass an Zukunft mat méi staarke Reefäll, Stuerzfluten a Wanterhéichwaasser ze rechnen, seet de Vizedirekter vum Waasserwirtschaftsamt, Luc Zwank. Seng Verwaltung schafft un enger Adaptatiounsstrategie: d'Gemenge gi mat Subside motivéiert, fir Héichwaasserschutz ze bedreiwen.

auto_stories

2 min

Luc Zwank

"E klengt Wanterhéichwaasser", sou beschreift de Vizedirekter vum Waasserwirtschaftsamt déi aktuell Situatioun vun de Baachen a Flëss. De Reen, deen elo géif falen, an deen net duerch Héichwaasser ofléist, wier wichteg fir d'Quellen. Doduerch kéinte sech d'Reserven opfëllen, seet de Luc Zwank. Déi läscht Jore gouf et ganz dréche Fréijoren, déi dozou gefouert hätten, datt sech de Gesamtniveau vun de Waasserreserven net komplett konnt erhuelen. "D'Debite vun de Quellen hunn eng liicht Tendenz no ënnen."

D'Waasserwirtschaftsamt stellt sech op de Klimawandel an. An de nächste Jore geet ee vu méi waarmen an dréchene Summeren aus, a vu méi waarmen a naasse Wanteren.

Subventionéierten Héichwaasserschutz

Am Kader vun der europäescher Direktive "Inondation" verflichte sech d'EU-Länner fir opzeweise wou d'Risikoberäicher fir Héichwaasser sinn a fir sech Strategien dogéint ze ginn. Dozou zielt och d'Weiderdreiwe vun de Schutzzonen. "Aktuell kënnen 30.000 Kubikmeter Quellewaasser den Dag net genotzt ginn, well si duerch Pestiziden an Nitrater belaascht sinn", seet de Luc Zwank.

15 Baachen a Flëss sinn zu Lëtzebuerg als Risikoberäicher fir Héichwaasser identifizéiert ginn. An deene Beräicher gëlle besonnesch Oplagen, a fir ze bauen brauch een Autorisatioune vum Waasserwirtschaftsamt. Retentiounsbecken, Flutpolder a Renaturéierung waren no der grousser Iwwerschwemmung d'lescht Joer am Ärenzdall am Gespréich. Mat der Ännerung vum Waassergesetz kann de Staat neierdéngs Renaturéierunge fir Héichwaasserschutz bis zu 100 Prozent subventionéieren, seet de Luc Zwank. Géigeniwwer den héijen Terrainspräisser, géife sech d'Gemengen heiansdo schwéier doen. E Réckhaltebecke wier eng Bauplaz manner.