Radioen

On air

De Moien  |  The Rolling Stones - Get Off Of My Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Konflikt an der Ukrain trëfft d'Liewensmëttelsécherheet

Ukrain-Krich

De Konflikt an der Ukrain trëfft d'Liewensmëttelsécherheet

De Konflikt an der Ukrain huet Konsequenze fir d'Produktioun vu Kären. 85 Prozent vum Weess weltwäit gëtt an zéng Länner produzéiert: 30 Prozent an der Ukrain an a Russland. Iwwer 80 Prozent vun de Sonneblummekäre kommen aus béide Länner.

auto_stories

2 min

Verschidde Länner ewéi Ägypten, de Libanon, nordafrikanesch Länner si ganz ofhängeg vun deenen Importer, betount d'Chantal Gary, Deputéiert vun déi Gréng an der Chamber.

Och de "World Food Programme" (WFP) vun der UNO, dee Liewensmëttel verdeelt, géif virun de Suitte vum Krich warnen. De WFP géif mëttlerweil 30 Prozent méi fir d'Liewensmëttel bezuelen, sou datt d'Ratiounen, déi verdeelt ginn, hätte misste reduzéiert ginn, preziséiert d'Chantal Gary.

Méi Produktioun an der EU

Fir den Zougang zu Liewensmëttel weltwäit net a Gefor ze brénge kéint Europa ee Bäitrag leeschten, betount d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Aktuell géif et awer eng EU-Direktiv ginn, déi festleet, datt véier Prozent vun der Akerbaufläch stëll geluecht soll ginn.

Dës Direkt misst nees opgehuewe ginn, fuerdert d'Martine Hansen: et wier net ze vertrieden, datt Baueren dozou verflicht ginn, Fläche brooch ze leeën.

Eng Fuerderung, déi och de Gusty Graas vun der DP ënnerstëtzt. Och a Frankräich hätt den Agrarminister Julien Denormandie gefuerdert, datt méi am eegene Land produzéiert misst ginn.

Problemer beim Import an d'EU

Wéinst dem Krich kënnen d'Felder an der Ukrain net ugebaut ginn. Elo missten d'Felder eigentlech gedüngt ginn, iwwerdeems kënnen d'Stocken u Kären, déi an der Ukrain gelagert waren, net exportéiert ginn, well d'Häfen attackéiert a beschiedegt ginn.

30 Prozent vum Düngemëttel, deen an d'EU importéiert gëtt, kënnt aus Russland. Mee de Präis vum Düngemëttel ass zejoert schonn drastesch geklommen, seet de Landwirtschaftsminister Claude Hagen: de Präisindex wier 2021 schonn ëm 65 Prozent an d'Luucht gaangen an d'Baueren hätten zu deene Präisser net wëlle kafen - dozou kéimen och nach déi ekonomesch Sanktioune géint Russland.

Fir d'Myriam Cecchetti, Deputéiert vun déi Lénk, kéint och beim globale Fleeschkonsum gehandelt ginn. Et bräicht ee fir d'Fleeschproduktioun een héije Volume u Kären. Dat kéint een duerch eng aner Ernärung änneren.