Den zoustännegen OGBL-Zentralsekretär Pitt Bach weist drop hin, datt et mat deenen zwou personnellen Decisiounen eleng net däerft gedoe sinn.
"Mir hunn ëmmer gesot, et musse en de Problem bei der Wuerzel upaken, mee duerno gett et e ganze Prozess. Duerno muss een natierlech am Sozialdialog kucken, wéi een eng gutt Situatioun, eng mënschlech Approche an och déi sozialpädagogesch Missioun erëm um Kräizbierg wëll ugoen."
Den OGBL géif dono och iwwer d'Personaldelegatioun zur Verfügung stoen fir "de Kräizbierg erëm opzebauen".
De Reproche vu sexueller Belästegung, deen dem Administrateur délégué gemaach gouf, hätt net kënne vum Audit confirméiert ginn : Dat hat de Verwaltungsrot a sengem Communiqué vun Enn November geschriwwen. E Saz, deen d'Personaldelegéiert Daniela Willems erstaunt, well déi Persoun déi an dësem Fall Plainte bei der Justiz gemaacht huet, wier am Kader vum Audit iwwerhaapt net consultéiert ginn.
"Das heisst weder die Experten, noch der Verwaltungsrat, noch wir als Delegation werden dieses Urteil fällen können. Das wird vom Gericht entschieden. Die Prozedur läuft und darüber wird das Urteil auf dem Gericht gefällt."
Et hätt een net wëllen eng juristesch Prozedur mat der Prozedur vum Audit méchen, sou nach d'Daniela Willems.