Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kreml am Wäissen Haus

USA

De Kreml am Wäissen Haus

Sëtzt de richtege President vun Amerika eventuell am Kreml? Hu mir et mat engem neie Kale Krich ze doen? Ass d'Regierung Trump e Marionettekabinett vum Vladimir Putin? De Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

E Graffiti vum Donald Trump a Vladimir Putin als Tweedle Dee & Tweedle Dum (Foto: picture alliance / Photoshot)

Wa mir vum Zeenario ausginn, datt de Vladimir Putin scho laang am Trump-Camp matmëscht, a wann déi Theorie stëmmt, datt hien alles dru gesat huet, fir dem Hillary Clinton seng Wahl ze vermeiden, dann ass dat Bild vun engem neie Kale Krich nëmme bedéngt richteg. An deem fréiere Kale Krich stounge sech Sowjetunioun an USA - mat hire respektiven Alliéierten - als feindlech Bléck géinteniwwer an hu Muechtpositiounen an Ideologien a lokale Stellvertriederkricher wéi a Korea oder Vietnam verteidegt, ouni sech als Staaten direkt unzegräifen. Wéinstens net op militäreschem Plang, dofir awer ëmsou méi iwwer Propaganda.

Anti-Reagan Mesuren

Am Abrëll 1982 huet de Juri Andropov, deemools Chef vum KGB an e puer Méint duerno de facto Staatschef vun der Sowjetunioun, den Uerder ginn, aktiv Mesuren an den USA ze huelen, fir ze verhënneren, datt de Ronald Reagan géif erëmgewielt ginn. Wat sinn aktiv Mesuren an esou engem Kontext? Infiltratioun vu Parteigremien, gesteiert Campagnen an der Press, Verbreedung vu falschen Tatsaachen an d'Denigratioun vu wichtege Politiker.

Laut dëse Campagnë war de Reagan e Krichsdreiwer, e korrupten Handlaanger vum militär-industrielle Komplex. Aner Rumeuren, déi geziilt vum KGB gestreet goufen, waren, datt d'amerikanesch Regierung vum Lyndon Johnson responsabel war fir de Muerd 1968 um Martin Luther King. Oder datt de CIA den AIDS-Virus an engem Laboratoire am Maryland entwéckele gelooss hätt.

Et kéint ee sech jo virstellen, datt wéi d'Sowjetunioun 1991 opgehalen huet ze existéieren an de Kale Krich offiziell eriwwer war, et och mat den aktive Mesuren eriwwer gewiescht wier. 2000 ass de Sergej Tretyakov, ee russesche Spioun deen zu New York baséiert war, zu den Amerikaner iwwergelaf an huet gesot, datt Moskau nach ëmmer alles mécht "to embarrass the US".

Dem Vladimir Putin war besonnesch d'Regierung Obama en Dar am A, déi Russland no der Invasioun vun der Krim an der Ukrain, an no den Hacker-Ugrëffer am Kontext vun de Wahle mat Sanktioune beluecht huet. De russesche President hat och e besonnesch gespaante Verhältnis zum Hillary Clinton, där hien Opstëppele vu russeschen Dissidente virgeworf huet. Bis d'lescht Joer waren d'US-russesch Relatioun also nach e Kale Krich am klassesche Sënn.

Eng Allianz géint d'amerikanesch Verwaltung

Awer scho während dem Wahlkampf si Rumeuren opgetaucht, den Donald Trump, säin haitegen Ausseminister Tillerson a säin nach Justizminister Sessions hätten iwwert Business-Kontakter eraus och politesch Kontakter mat Russland gehat. Géint wie féiert dës Allianz, déi nach virun engem hallwe Joer total ondenkbar gewiescht wär, dann elo e Krich?

D'Äntwert op déi Fro gëtt de Steve Bannon, Chefstrateg am Wäissen Haus: géint d'demokratesch Strukturen an Amerika. Hie nennt sech (interessante Verglach!) e Leninist, deen d'USA an déi Richtung féiert, déi sengem wirtschaftlechen a politesche Modell vun engem - wéi hie seet - opgekläerte Kapitalismus entsprécht. E wichtegt Element dovun ass den Ofbau vun der amerikanescher Verwaltung, wéi se zënter den 30er Jore besteet. Zum Beispill an deem een en deklaréierten Ëmweltgéigner zum Chef vun der Ëmweltagence mécht.

Et kann ee sech virstellen, wéi zefridden de Vladimir Putin iwwert esou eng Entwécklung ass. Et ass ze hoffen, datt d'Frënn vun enger echter Demokratie staark genuch sinn, fir all déi Verfilzungen opzedecken, déi d'Rout Plaz mam Wäissen Haus verbannen. An dat am Interêt vun eis all.