Gewerkschaften De Landesverband gëtt provisoresch een OGBL-Syndikat
Aus dem Landesverband kéint Mëtt 2020 provisoresch een OGBL-Syndikat ginn. Op engem ausseruerdentleche Kongress vum Landesverband hunn de Méindeg den Owend ronn 76 Prozent vun den Delegéierte fir eng méi intensiv Zesummenaarbecht mam Onofhängege Gewerkschaftsbond gestëmmt. Néideg ass elo nach d'Zoustëmmung um OGBL-Kongress Enn vun dëser Woch.

Mam Resultat bei senger Gewerkschaft, huet de President vum Landesverband Georges Merenz sech gëschter nom Kongress zu Bouneweg zefridde gewisen. De Landesverband géif et och an Zukunft ginn, awer an e bëssen enger anerer Form, huet hien am 100,7-Interview erkläert. 2022 soll een Tëschebilan vun der Zesummenaarbecht gezu ginn an 2024 soll déi definitiv Entscheedung falen.
A méi Detailer iwwert déi geplangten Zesummenaarbecht mam OGBL wäert de Landesverband de Moien op enger Pressekonferenz presentéieren.