Radioen

On air

Tockcity  |  Joe Armon-Jones & Hak Baker - Wrong Side Of Town Feat. Hak Baker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De leschte Feierkrop

Schluss vun enger Ära

De leschte Feierkrop

Déi lescht Editioun vum Feierkrop wier net mat vill Melancholie verbonnen. Dat seet de Matbegrënner Jacques Drescher am 100,7-Interview. Et hätt een d'Mataarbechter nach eng Kéier wëllen zu Wuert komme loossen.

auto_stories

2 min

Christiane Kleer: Wéi vill Melancholie spillt mat en Vue vun der leschter Editioun bei der ganzer Equipe?

Jacques Drescher: Ech géif soen d'Melancholie ass elo net esou schrecklech grouss, well et eppes ass, wat mir relativ gutt virbereet haten a scho virun engem Joer ugekënnegt haten.

Déi Société cooperative soll bestoe bleiwen, an am Fréijoer ass eventuell mat anere "Schanddoten" ze rechnen. Op wat kann ee sech do virbereeden?

Mir hunn am Fréijoer eis Generalversammlung vun eiser Cooperative, esou wéi mir dat all Joer hunn an do diskutéiere mir doriwwer, ob mir nach dat eent oder anert maachen oder guer net, dat ass nach guer net kloer, et ass nach alles op. Ech sinn och een, ech menge mir hunn dat ëmmer esou gehalen, mir maache keng grouss Pläng, well Dir wësst jo, wéi et de Leit geet, wa si ee Plang hunn, da verléieren si d'Schlappen oder souguer d'Wahlen.

Dir sot "Et ass näischt ausgeschloss", heescht dat, datt et och net ausgeschloss ass, datt et nach eng Kéier eng Neioplag gëtt vum neie Feierkrop?

Also mir wëllen elo keng nei Zeitung méi maachen, nee, dat ass kloer.

Wéini war de Feierkrop op sengem Héichpunkt, Ärer Meenung no?

Dat ass net mol eng Fro vu Meenung, dat konnte mir ganz kloer gesinn an de Verkafszuelen, dat war 1999 an 2000. Dat war en dräifacht Wahljoer. Mir waren ëmmer eng Kiosken-Zeitung an d'Leit hunn ëmmer eng gewëss Erwaardungshaltung fir d'Satir oder un de Feierkrop gehat. Wa politesch vill lass war, dann ass d'Zeitung och vill kaf ginn.

Déi aner Fro, déi sech dann opdrängt, wéini war den Déifpunkt?

Den Déifpunkt, dee war ni, dee wier eréischt komm wa mir net opgehalen hätten, vläicht an zéng Joer.


Den Interview vum Christiane Kleer mam Jacques Drescher:

Lauschterenplay_arrow