Radioen

On air

De Moien  |  Calexico - Two Silver Trees

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Plan pour la reprise et la résilience

Wirtschaft

De Lëtzebuerger Plan pour la reprise et la résilience

D'Regierung huet de Lëtzebuerger Reprise- a Resilienz-Plang d'lescht Woch ugeholl an huet déi 180 Säite bei d'EU-Kommissioun op Bréissel geschéckt. Dora steet, wat mam Lëtzebuerger Deel vun den Hëllefen aus dem europäesche Corona-Erëmopbau-Fong soll geschéien. Gerechent gëtt mat ronn 93 Milliounen Euro fir Co-Finanzementer. Der Regierung no soll de ganz groussen Deel vun de Subsiden a Klimaschutz- an Digitaliséierungsprojete fléissen.

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock

Fir d'Häerzstéck vum Programm NextGenerationEU stinn am Ganze ronn 672 Milliarden Euro zur Verfügung, fir Reformen an ëffentlech Investissementer bis 2026 an den EU-Memberstaaten.

Et geet drëm d'Konsequenze vun der Corona-Pandemie op d'Wirtschaft an d'Gesellschaft ofzefiederen. Donieft soll Europa op den ökologeschen an den digitale Wandel virbereet ginn.

Zwanzeg Projeten zeréckbehalen

Fir Suen aus dem europäesche Fong ze kréien, hunn d'Memberstaaten national Reprise- a Resilienzpläng mussen ausschaffen.

Lëtzebuerg huet 93,5 Milliounen Euro ze gutt, fir Co-Finanzementer duerch Suen aus dem Fong, esou de Finanzminister Pierre Gramegna een Dënschdeg an der Chamber. An der Diskussioun mat der Kommissioun hätt een dräi grouss Piliere fir Lëtzebuerg festgehalen: "sozial Kohesioun a Resilienz, nohalteg Transitioun an Digitaliséierung, Innovatioun a Gouvernance"

Ënner den zwanzeg Projeten, déi zeréckbehale goufen ass d'Installatioun vu Bornë fir d'Elektromobilitéit, déi mat bis zu 30 Milliounen Euro sollen ënnerstëtzt ginn, grad wéi d'Digitaliséierung an den ëffentleche Servicer mat bis zu 10 Millioune Subsiden. Nohaltege Wunnraum an renouvenabel Energie-Sourcen um Projet Nei Schmelz zu Diddeleng géife mat bis 24 Milliounen Euro vun der EU ënnerstëtzt.

Kritik: Plang feelt et un Ambitiounen

Dem Plang géif et un Ambitioune feelen, huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar een Donneschdeg an der Chamber-Debatt kritiséiert. Hien huet och festgestallt, datt Lëtzebuerg mat de ronn 93 Milliounen ze wéineg Sue kréich, am Verglach mat aneren EU-Staate wéi Malta oder Zypern.

"Wann een dann och nach kuckt wat fir eng Projeten hei subventionéiert ginn, sinn dat jo zu engem Groussdeel scho Projeten, déi um lafe sinn, déi net nei sinn. Wou mer elo ebe just kucke fir eng zousätzlech Subventioun ze kréien. A wann ech dat awer e bësse vergläiche mat deene Montanten, déi an aner Länner ginn, an ech wëll elo guer net déi grouss Länner huelen, wéi Italien, Spuenien, déi haaptsächlech heivu profitéieren, muss ech dach soen, ech hätt mer hei e bësselche méi Ambitioun vun der Regierung gewënscht."

Grad wéi d'CSV-Fraktioun sinn och d'Sozialpartner der Meenung, datt et dem Lëtzebuerger Relanceplang un Ambitioune feelt. Fir d'Nora Back, Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond ass näischt am Plang dra fir "d'Inegalitéiten ze bekämpfen. Et ass näischt dran iwwer d'Politik an der Groussregioun, et ass net genuch dran iwwert d'Gesondheetswiesen, et et bei wäitem net ambitiéis genuch am Logement."

Elleng d'Zomm vun de ronn 93 Milliounen Euro fir Lëtzebuerg wier net ganz ambitiéis, esou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. De Carlo Thelen gëtt awer ze bedenken, datt eng Rei aner Projeten an der Regierung hirem pluri-annuellen Investiounsprogramm stinn.

E Beispill ass dem Generaldirekter vun der Handelskammer no, déi gréng Transitioun, bei där d'Regierung ganz staark op d'Elektro-Mobilitéit géif setzen.

"Mir soen do ëmmer, et soll e sech net an eng Technologie unique goen, et soll e sech do kenger Technologie verschéissen. Eis feelt do zum Beispill wann een déi Bornes de Recharge gesäit, déi an d'Betriber solle kommen, dat ass villäicht ze begréissen. Mee et kéint e villäicht och eppes maachen am Hydrogen-Beräich."

Der OGBL-Presidentin no, géif de Lëtzebuerger Reprise- a Resilienz-Plang ze wéineg Konkretes am Beräich Logement virgesinn.

"Do kommen eigentlech quasi nëmme Platituden an eisen Aen oder op d'mannst iwwerflächlech Léisungsuschléi. Obwuel een do misst fundamental reforméieren: an do ass och Jidderee sech driwwer eens, dass mer eng Wunnengskris hunn: an déi Kris gëtt ëmmer méi schlëmm. Souguer déi negativ Prognosen, déi si jo nach getoppt ginn. Déi Präis-Hausse eleng am Corona-Joer mat 16,7 Prozent."

Souwuel den OGBL wéi d'Handelskammer widderhuelen och hir Kritik, datt et am Virfeld vun der Presentatioun vum Lëtzebuerger Relance-Plang kee wierklechen Austausch mat hinne ginn hätt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.