Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Lien tëscht de Spideeler an hirer Missioun fir d'Santé publique reaktivéieren"

Gesondheetswiesen

"De Lien tëscht de Spideeler an hirer Missioun fir d'Santé publique reaktivéieren"

D'Fuerscherin an onofhängeg Beroderin Marie-Lise Lair proposéiert fir strukturell Schwächten am Gesondheetswiesen ze behiewen. Dat fir Dysfunktionnementer ewéi rezent bei den Hôpitaux Robert Schuman ze verhënneren. Mee virun allem och fir ze garantéieren, datt d'Spideeler der Santé publique déngen. D'Pia Oppel huet mat der Expertin geschwat.

auto_stories

5 min

Sou munches ass bei den Hôpitaux Robert Schuman déi lescht Méint schif gelaf: Verwaltungsrotsmembere goufe fréizäiteg geimpft, de Verwaltungsrotspresident kritt Interessekonflikter reprochéiert, de Spidoolsgrupp huet sech am Sträit vu sengem Generaldirekter getrennt, an et zirkuléiere Reprochen iwwer ee schlecht Aarbechtsklima. Der Marie-Lise Lair no missten esou Fäll anescht traitéiert ginn, dofir bräicht et e System, deen et momentan nach net gëtt.

D'Patiente misste kënnen drop vertrauen, datt de Spidoolssystem korrekt funktionéiert, betount d'Marie-Lise Lair. Polemiken, ewéi déi ëm d'Hôpitaux Robert Schuman an ëm den Depart zejoert vum Generaldirekter vum Escher CHEM géife riskéieren dem Ruff vum Gesondheetswiesen als Ganzem ze schueden. Méi kloer Regelen a Kontrolle wieren néideg - an dat net just fir punktuell Dysfunktionnementer ze verhënneren. D'Verbindung tëscht de Spideeler an hirer Missioun fir déi ëffentlech Gesondheet misst nees hiergestallt ginn. Dofir missten an der Gouvernance Moyene geschaft ginn déi garantéierten, datt d'Etablissementer dëser Missioun och tatsächlech nokommen.

Keng global Visioun fir de Gesondheetssecteur

Ee Commissaire de Gouvernement am Verwaltungsrot vun all Spidol géif fir eng efficace Kontroll net duergoen, esou d'Aschätzung vun der Expertin. Een nationale Kontrollgremium wier eng sënnvoll Ergänzung. De But dovunner wier awer net just fir punktuell Dysfonctionnementer ze verhënneren, mee och fir ze garantlieren, datt d'Spideeler effektiv der Santé publique déngen. Et misst ee mat Hëllef vu kloeren Indicateuren definéieren, wat Klinicke leeschte missten. Dofir bräicht et och ee System deen et engem erlaabt fir ze gesinn, wou Klinicken an hirem Optrag par Rapport zur Populatioun dru sinn.

Wéi d'Marie-Lise Lair schonn 2019 an enger detailléierter Analys iwwer d'Personal am Gesondheetswiese bemängelt hat, géif et awer un enger globaler Visioun fir d'Gesondheetswiese feelen. Dozou gehéiert eng genau Definitioun vun den Aufgabe fir d'Spideeler - just da kéint een och Indicateuren definéieren, mat deenen een d'Efficacitéit vum System kéint moossen, esou d'Expertin. Zum Beispill kéint een analyséieren, ob éischter Patiente mat enger Zousazversécherung en Charge geholl ginn, oder ob Patiente fir komplizéiert Behandlungen an d'Ausland transferéiert ginn. Fir e méiglechst effizienten Ëmgang mat ëffentleche Sue misst och séchergestallt ginn, datt Patienten, déi net onbedéngt mussen hospitaliséiert ginn, och tatsächlech an de soins primaraire behandelt ginn.

Systematesch a standardiséiert Qualitéitskontroll feelt

D'Expertin geet dovunner aus, datt d'Spideeler hir Missioune fir d'ëffentlech Gesondheet am Prinzip gewëssenhaft erfëllen. De Problem wier, datt een dat net kéint beleeën.

Mat Ausnahm vum Stater CHL, wou d'Doktere Salariéë sinn, exercéieren d'Medeziner als Fräiberuffler an de Spideeler - dat wier per se kee schlechte System, fënnt d'Marie-Lise Lair. Et géifen awer och hei méi kloer Regelen an och eng systematesch a standardiséiert Qualitéitskontroll feelen.

"Tout ça on devrait être capable de mettre ça sur la table et de dire: 'Notre système libéral ne pose pas de problème parce qu'on peut démontrer qu'on a une prise en charge des patients qui correspond aux recommandations de bonnes pratiques, qu'on n'a pas de surhospitalisation et qu'on n'a pas de surconsommation de soins. Voilà!"

Eng grouss Baustell wier dann och déi medezinesch Offer baussent de Spideeler. Wann een dës wéilt ausbauen, misst d'Regierung kloer definéieren, wat eigentlech gebraucht gëtt, esou de Plaidoyer vun der Expertin.

"Tout ce qui est travail d'édcuation à la santé pour les personnes obèses, pour les personnes diabétiques, pour la prévention de certaines maladies chroniques - là on a un manque crucial très, très important. Tout ce qui est prise en charge des problèmes de santé mentale on a aussi un manque crucial en extra-hospitalier. Et bien, si l'extra-hospitalier ne permet pas de répondre en priorité aux besoins qu'on a, on va avoir un développement extra-hospitalier - mais par contre on aura une surconsommation parce qu'on aura une offre trop importante dans certains domaines par rapport à d'autres."

De Finanzement vum Gesondheetssecteur iwwerdenken

De Finanzement vum Gesondheetswiese misst der Marie-Lise Lair no och komplett iwwerduecht ginn. D'Tariffer fir eenzel Akte wieren zum Deel net méi justifiéiert - an iwwerhaapt géif dëse System net déi richteg Uräizer schafe fir am Sënn vun der Santé publique an der Preventioun ze schaffen. D'Bezuele vun eenzelen Acte géif och net dofir suergen, datt eng global prise en charge vum Patient garantéiert kéint ginn. An, sou d'Expertin: "Le tarif à l'acte engendre un risque de développer un nombre d'actes pour arriver à vivre. Et surtout on une disparité des tarifs qui n'est plus explicable."

D'Marie-Lise Lair ass iwwerzeegt, datt d'Gesondheetsministerin wëlles hätt eng global Strategie fir eng Reform vum Gesondheetswiesen z'entwéckelen. Datt der Paulette Lenert bis Enn vun der Legislatur genuch Zäit bleift, fir all d'Acteure mat u Bord ze kréien an och déi néideg Gesetzer op den Instanzewee ze bréngen, do ass d'Expertin awer éischter skeptesch.

Gutt Nouvelle: Bachelor fir Infirmieren

D'Marie-Lise Lair begréisst iwwerdeems d'Decisioun vun der Regierung fir ee Bachelor fir d'Ausbildung vun Infirmieren anzeféieren. Datt esou eng Offer néideg wier hat d'Consultante 2019 an hirem Rapport iwwer d'Gesondheetsberuffer ervir gehuewen. Datt d'BTS-Formatioun am Lycée och bäibehale gëtt, gesäit si awer skeptesch. Ee Risiko vun zwou parallelen Infirmiersausbildunge wier, datt d'Personal an der Laangzäitfleeg manner gutt forméiert wier ewéi an de Spideeler:

"Le pays doit être capable de comprendre qu'il a besoin d'avoir des infirmiers avec des compétences professionelles élargies dans tous les secteurs de soin et pas seulement dans le secteur hospitalier. Je comprends qu'on ait pu avoir une approche plus prudente au niveau politique, mais c'est un raisonnement de court terme - ce n'est pas un raisonnement de long terme."


De ganzen Interview mat der Marie-Lise Lair:

Marie-Lise Lairplay_arrow