Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Liewensstandard a Griicheland huet näischt méi mat der EU ze dinn"

Griicheland

"De Liewensstandard a Griicheland huet näischt méi mat der EU ze dinn"

Vill Griiche géifen ze spéit, oder guer net méi bei den Dokter goen, well d'Suen feelen, sou eis Griicheland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis. Ouni Scholdeschnëtt wier fir déi griichesch Populatioun och keng Besserung a Siicht.

auto_stories

2 min

Ufanks der Woch huet Griicheland fir d'éischt zënter 2014 nees e Staatsemprunt um reguläre Kapitalmaart opginn. Aner EU-Länner gesinn dat als Zeechen, datt d'Land am Gaang ass d'Kris hannert sech ze loossen. Mee a Griicheland selwer wier d'Stëmmung manner positiv, sou eis Korrespondentin zu Athen: "D'Politik huet sech zwar des Woch vill mam Staatsemprunt beschäftegt, mee der Populatioun ass dat ganz egal. Et schwätzt keen op der Strooss iwwer dat Thema."

D'Liewensstandarden vun deene meeschte Griichen wären zënter dem Ufank vun der Kris däitlech gefall: "Déi meescht Griichen liewen haut anescht wei virun 2009." Och besser gestallte Griichen géifen haut dacks ze spéit bei den Dokter goen, sou d'Alkyone Karamanolis. Leit, déi scho virun der Kris net vill Suen haten, géifen elo guer net méi bei den Dokter goen. Och d'Ausgabe fir Liewensmëttel wieren zënter der Kris em 30 Prozent zréckgaangen.

Leit iwwer engem gewëssen Alter wäerte keng Aarbecht méi fannen (Foto: picture alliance / Angelos Tzortzinis)

"Just e Scholdeschnëtt géif hëllefen"

E groussen Deel vun der Populatioun wier mëttlerweil einfach ofgehaange, a kéint wahrscheinlech och net méi op den Zuch opsprangen: "Een den haut 55 Joer al ass, a schonn zënter 5 Joer keng Aarbecht huet, deen huet keng Chance méi. Dee wäert ni méi schaffen." Eis Korrespondentin seet, si géing ëmmer erëm vun esou Leit héieren.

Datt Griicheland elo erëm Suen um reguläre Marché léint, géif näischt un der Liewenssituatioun vun de Leit änneren, sou d'Alkyone Karamanolis: "U sech ännert doduerch just de Creancier: Griicheland finanzéiert sech mat Suen, déi et um Marché léint, amplaz mat Suen déi et sech vun der EU léint." Déi eenzeg Méiglechkeet fir wierklech Scholden ofzebauen, wier dofir e Scholdeschnëtt.