Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De LISER erwaart sech keng grouss Präisbaisse wéinst dem Coronavirus

Logement

De LISER erwaart sech keng grouss Präisbaisse wéinst dem Coronavirus

Am leschten Trimester 2019 waren d'Präisser fir Haiser a Wunnengen hei am Land géigeniwwer dem Joer virdrun ëm ronn eelef Prozent geklommen. Dat geet aus enger rezenter Publikatioun vum Observatoire de l'habitat ervir. Schonn en halleft Joer virdrun hat den Observatoire eng änlech staark Hausse vun de Präisser festgestallt, seet de Julien Licheron, Ekonomist beim Institut fir sozio-ekonomesch Recherche LISER a Coordinateur vum Observatoire de l'habitat.

auto_stories

3 min

De Julien Licheron ass Ekonomist beim LISER. (Foto: Archiv)

Wéi fir déi éischte Kéier eng Präiserhéijung vu ronn eelef Prozent bei de Logementspräisser festgestallt gouf, konnt een nach mengen, datt et sech ëm en eemolegen Effekt handele géif. Nodeems ee sechs Méint méi spéit änlech Resultater krut, wier et kloer, datt et eng reell Acceleratioun vun der Präisdeierecht gëtt. Esou de Fuerscher vum LISER, Julien Licheron. Schonn tëschent 2010 an 2017 hätt et eng staark Hausse vun de Wunnengspräisser ginn, déi bei ronn fënnef Prozent d'Joer louch.

Déi Augmentatioun géif sech gréisstendeels mam Desequiliber tëschent der Offer an der Demande erkläre loossen, esou de Fuerscher. An de leschten 18-24 Méint wieren d'Präisser dunn nach emol däitlech méi séier geklommen. De Julien Licheron schwätzt vun enger Verdueblung vun der Präishausse. Dës Kéier wier et awer méi komplizéiert, Elementer ze fannen, déi dës Hausse erkläre géifen.

Rendement versus Spekulatioun

Och wann d'Präisentwécklung sech net méi eleng duerch d'Offer an d'Demande no Wunnraum erkläre léisst, kéint een dem Julien Licheron no net vun enger Spekulatiounsblos schwätzen. Et wier schwéier ze differenzéieren tëschent den Objeten, déi aus Spekulatiounsgrënn kaaft ginn an deenen, déi kaaft gi fir e konstante Rendement ze hunn.

"Et au Luxembourg la très grande majorité des biens qui sont achetés pour de l'investissement locatif, le sont aussi et avant tout pour des questions de rendement locatif et d'intérêt fiscal que représente l'investissement dans la pierre. Et pas uniquement dans un objectif d'achat pour la revente future."

D'Wunnengspräisser wieren direkt un d'Entwécklung vun de Grondstéckpräisser gebonnen, seet de Julien Licheron. Deementspriechend ginn et och grouss Variatioune jee no Lag. Wat méi no un der Stad, wat d'Wunnenge méi kaschten. An den deierste Gemenge wier de Quadratmeterpräis zweemol sou héich wéi an de bëllegste Gemengen. Bei der Präisdeierecht hätt ee rezent awer en neien Trend entdeckt.

An de leschten 18 Méint hätt ee festgestallt, datt d'Präisser net virun allem an der Haaptstad an an hirem Ëmfeld staark geklomme wieren, mee quasi op dem ganzen Territoire, sou de Julien Licheron.

E méi grousse Choix, wat d'Wunnengsgréisst ugeet

Trotz de Präisser, déi an d'Luucht ginn, wier d'Gréisst vun den Appartementer am Duerchschnëtt zimmlech d'selwecht bliwwen. D'Bandbreet u Wunnenge wier awer méi grouss ginn. Nach virun e puer Joer wieren déi meeschte Wunnengen tëschent 70 an 130 Quadratmeter grouss gewiescht, manner oder méi grouss Bienen hätt ee quasi keng fonnt. Haut géif ee relativ einfach Biene fannen, déi ënner 50 Quadratmeter leien, mee och Appartementer, déi méi grouss wéi 200 Meter Carré sinn.

Op där enger Säit géife méi kleng Studioe gebaut ginn, an op där anerer Säit géife Leit, déi ee méi grousse Logement wëllen, haut léiwer en Appartement am urbane Raum hunn, wéi en Haus um Land.

Repercussioune vun der Corona-Kris op d'Logementspräisser?

Bléift nach d'Fro, wéi sech déi aktuell Corona-Kris op de Logementsmarché auswierkt? Et wier immens schwéier, fir eng Virausso ze maachen, mengt de Julien Licheron. De Coordinateur vum Observatoire de l'habitat geet awer dovun aus, datt et virun allem eng Baisse bei der Zuel vun den Transaktioune gëtt. Dat, well wärend der Quarantän keng Visitte kënne gemaach ginn an dono, well et eng gewëssen ekonomesch Onsécherheet gëtt. Dat hätt een och wärend der Finanzkris kënne beobachten.

Tëschent 2007 an 2009 wier et eng Baisse vu ronn 60 Prozent ginn, d'Präisser wieren awer just ronn fënnef Prozent erofgaangen.

D'Entwécklung vun de Wunnengspräisser wier staark un déi demografesch Entwécklung gebonnen. Ob d'Corona-Kris sech op d'Präisser auswierkt, géif deemno virun allem dovun ofhänken, ob déi ekonomesch Konsequenzen en Impakt op de Bevëlkerungszouwuess hunn, esou nach de Julien Licheron vum LISER.