Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marc Goergen erwaart sech keng finanziell Problemer fir d'Partei

Verstéiss géint d'Parteiefinanzéierungsgesetz

De Marc Goergen erwaart sech keng finanziell Problemer fir d'Partei

De Marc Goergen rechent domat, datt d'Piratepartei dem Staat ronn 10.000 Euro fir d'Joer 2018 muss zeréck iwwerweisen. Dat wéinst méigleche Verstéiss géint d'Parteiefinanzéierungsgesetz. Dës Zomm wier net dramatesch, a si géif d'Partei net a finanziell Problemer bréngen, sou den Deputéierten a Parteikoordinator vun der Piratepartei.

auto_stories

2 min

De Marc Goergen gouf als Koordinator vun der Piratepartei erëmgewielt

De Rechnungshaff hat am Januar Verstéiss vun der Piratepartei géint d'Parteie-Finanzéierungsgesetz festgestallt. D'Budgetskontrollkommissioun an der Chamber hat decidéiert, den Dossier un de Parquet virunzeginn. D'Tresorière vun der Partei hat sech um Kongress e Samschdeg bei de Membere fir den "Chaos an der Comptabilitéit" entschëllegt.

De Marc Goergen widderhëlt, datt seng Partei d'Analys vum Rechnungshaff net géif deelen. D'Partei hätt enger Fiduciaire vertraut an de Bilan dono net gestëmmt.

M. Goergen iwwer Groupe technique mat der ADR: "Ech géif et net méi maachen [...]"

Et wier eng falsch Entscheedung gewiescht, fir an der Chamber an engem technesche Grupp mat der ADR zesummenzeschaffen, esou de Marc Goergen. D'Piratepartei hat um Krautmaart an engem technesche Grupp mat der ADR zesummegeschafft, fir vun enger Rei Virdeeler ze profitéieren. Déi Zesummenaarbecht war ëmstridden, a si gouf rezent opgeléist. Et hätt ee selwer mat der Entscheedung ze kämpfe gehat, esou de Marc Goergen.

"Wa mir haut nach eng Kéier virdru wären, géinge mir en och net méi agoen. Mir hunn ënnerschat, datt net verstane ginn ass, wat e Groupe technique ass. [...] Et war onglécklech. Ech géif et net méi maachen. [...]"

D'Wierkung vum Groupe technique mat der ADR ënnerschat

Datt et an der Ëffentlechkeet esou verstane gi wier, wéi wann d'Piratepartei mat der ADR politesch géif zesummeschaffen, wier warscheinlech e Feeler gewiescht, deen een ënnerschat hätt, esou nach de Marc Goergen.

Hie géif déi deemoleg Entscheedung mat veräntwerten, mécht awer och seng relativ geréng Erfarung als neien Deputéierte mat dofir verantwortlech. De Marc Goergen betount, datt déi zwee Chamberdeputéiert vun der Piratepartei zu kengem Zäitpunkt inhaltlech mat der ADR zesummegeschafft hätten. D'ADR an d'Piratepartei hätten duerch de Groupe technique just vu méi Riedezäit am Chamberplenum profitéiert.

"Als kleng Partei huet een an der Chamber net vill Riedezäit. A wann een d'Méiglechkeet kritt an engem Groupe technique seng Iddien dobausse besser kënnen ze presentéieren, dat war fir eis du logesch. Datt dat natierlech dobaussen herno sou verstane gëtt, wéi wann ee mam ADR politesch géif zesummeschaffen, dat war warscheinlech de Feeler, dee mir ënnerschat hunn."