Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  LA Priest - It's You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Minister dierf déi néideg Decisiounen huelen"

Zonk géint Schwéngspescht

"De Minister dierf déi néideg Decisiounen huelen"

Et géif net stëmmen, datt d'Gemeng Käerjeng iwwer den Zonk géint d'Schwéngspescht net offiziell an d'Bild gesat gi wier, seet de Landwirtschaftsminister. Och d'Leit aus der Géigend an d'Bauere wiere mat abezu ginn.

auto_stories

2 min

"Mir schwätzen hei iwwer aacht Kilometer Zonk. D'Belsch hunn iwwer 200 Kilometer Zonk opgeriicht. A mir hate scho bei 800 Meter e Problem. Ech froe mech, wéi mir déi 60 Kilometer wäerte fäerdeg bréngen, déi d'Landwirtschaft vun eis verlaangt", seet de Romain Schneider.

Als Landwirtschaftsminister wier et seng Flicht fir Lëtzebuerger landwirtschaftlech Betriber ze schützen, an hien hätt och wëlles, dat ze maachen.

"Landwirtschaftsminister dierf déi néideg Decisiounen huelen"

Och wann d'Ponts et Chaussées elo awer nach d'Autorisatioun bei der Gemeng Käerjeng ugefrot hunn, fir den Zonk géint d'Schwéngspescht op Käerjenger Gemengen-Terrain opriichten ze däerfen, mengt de Landwirtschaftsminister net, datt dat néideg gewiescht wier. Et géif sech dobäi net ëm eng fix, mee ëm eng temporär Installatioun handelen. A souwisou géif d'Gesetz dem Agrarminister d'Méiglechkeet ginn, wann d'Gefor vun enger Epidemie besteet, all néideg Mesurë selwer ze huelen, sou de Romain Schneider. Hien huet domat op Aussoe vum Käerjenger Député-maire Michel Wolter reagéiert, deen d'Feele vun där Demande schaarf kritiséiert hat.

E Gesetz vun 1912 géif et dem Landwirtschaftsminister erlaben an engem Fall vun enger méiglecher Epidemie "all d'Mesuren ze huelen, déi néideg sinn, sou de Romain Schneider. Fir sech "100 oder souguer 200 prozenteg" sécher ze sinn, wier nodréiglech eng Demande gefrot ginn.

Néideg Informatioune goufe kommunizéiert

Och aner Kritike vum Käerjenger Député-maire Michel Wolter léist de Romain Schneider net gëllen.

Wa méi Zäit gewiescht wier, hätt een d'Opriichte vum Zonk och anescht kënnen ugoen, sou de Landwirtschaftsminister. Hie weist awer d'Kritik vu sech, datt guer keng Informatiounen zirkuléiert hätten. Et wier gewosst gewiescht, datt en "Zonk géif kommen", och den Tracé an den Zäitpunkt vum Opriichte wiere bekannt gewiescht, sou de Romain Schneider.