Mam Uerteel géif d'Geriicht contraire zu der Praxis handelen, seet de Lex Folscheid, éischte Conseiller am Educatiounsministère. Dës Interpretatioun vum Beruffsgeheimnis géif méi no un där leien, wéi se bei Affekoten oder Dokteren applizéiert gëtt. Well d'Ugekloten Informatioune vum Educatiounsministère, an net vun enger Privatpersoun, verëffentlech hunn, hätte si sech net strofbar gemaach. D'Geriicht uerteelt, datt Examensfroen keng perséinlech Informatioun vum Ministère wieren.
Konsequenzen iwwert d'Educatioun eraus
Wann dat doe Jugement géif esou akzeptéiert ginn, dann hätt dat wäitreechend Konsequenzen, déi iwwert d'Education nationale eraus géife goen, esou de Lex Folscheid. Et misst sech gefrot ginn a wéi wäit de Secret personel vum Beamten iwwerhaapt nach eng Grondlag hätt, wann de Beamten héchstens disziplinarrechtlech Konsequenzen ze fäerte bréicht. Hien hofft, datt dat lescht Wuert am School Leaks Prozess nach net gefall ass.
De Parquet huet sech nach net dozou geäussert, ob en an Appell geet.
De Stéphane Decker fënnt, datt d'Uerteel zu engem "Vide juridique" géif féieren. Well de Mann vun enger vun den Ugekloten kee Fonctionnaire ass, wier hien am Endeffekt guer net bestrooft ginn, sou den Affekot vun der Partie civile. D'Enseignante sinn disziplinaresch - also mat Suspensiounen - bestrooft ginn. De Stéphane Decker fäert, datt de School Leaks Prozess e geféierleche Prezedenzfall kéint ginn, well ee fir d'Verëffentlechung vun Examensfroen strofrechtlech net veruerteelt kéint ginn.