Radioen

On air

De Moien  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Phänomen Trump

Fräie Mikro

De Phänomen Trump

De Phänomen Trump dominéiert de Virwalkampf an den USA. De populisteschen Erfolleg gëtt am Fong vun den anere Parteien a Politiker provozéiert. Dat mengt de Marc Glesener a sengem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

De Phänomen Trump dominéiert de Virwahlkampf an den USA. An et ass an dësem Fall ewéi esou oft: De populisteschen Erfolleg gëtt am Fong vun den anere Parteien a Politiker provozéiert.

Dëst Joer gëtt an den den USA en neie President, oder vläicht och déi éischt Kéier iwwerhaapt, eng Presidentin gewielt. Wann den 8. November dem Barack Obama säin Nofolger bestëmmt gëtt, ass dat déi bis elo 58. Kéier dat d’Bierger vun de Vereenegten Staaten hire Staatschef wielen.

Nun wësse mer, datt de Wahlkampf déi aner Säit vum Atlantik ganz eege Reegelen a Gebräicher huet an och allgemeng medial ganz anescht begleet gëtt, wéi dat an Europa de Fall ass. Des Kéier schéngt allerdéngs alles nach emol ganz anescht ze sinn. Mam exzentresche Milliardär a Geschäftsmann Donald Trump ass d'politesch Debatt am gaang eng ganz aner Dimensioun ze kréien.

Am Ufank hunn d'Leit iwwer seng extrem populistesch Aart a Weis gelaacht. An de Mann ass virun allem och an de Medien iwwerhaapt net eescht geholl ginn. E puer Méint méi spéit huet hien, den Donald Trump, de Lead als potenziellen Kandidat bei e Republikaner iwwerholl, läit a senger Partei an de Sondagen vir a geet als Favorit an d'Virwahlen.

Seng Partei ze soen, ass dobäi ee grousst Wuert. Well den Trump ass eigentlech kee Parteimann an och net vum Establishment vun de Republikaner ënnerstëtzt ginn, fir ze kandidéieren. Den Milliardär huet sech esou ze soe selwer opgebaut an och an d'Course geschéckt.

Polariséieren an dat soen, wat politesch net korrekt ass a keen aneren sech traut ze soen, dat ass dat einfacht Rezept, mat deem den Trump probéiert, bei de Leit unzekommen.

Datt dëst fonctionnéiert setzt natierlech viraus, dat vill Leit onzefridde sinn an ëss genuch hunn mat den etabléierten Politiker, déi an hiren Aen ze komplizéiert schwätzen, net kloer soe wat Sache ass an ze vill oft auswäichend oder iwwerhaapt net op Froen äntweren, déi si gestallt kréien.

Dem Trump seng Resultater an de Sondage sinn deemno och vun der Politik a vum politesche System selwer provozéiert. Dat dokumentéiert ee Beispill ganz gutt: Wéi de Geschäftsmann vun New York bestuet gouf, huet hien d’Koppel Clinton bezuelt fir op senger Hochzäit dobäi ze sinn. Dat seet de Mann elo am Walkampf. Keng Richtegstellung vu der Clinton-Säit. Et dierft deemno esou sinn, ewéi hien et seet.

Dat huet natierlech ee batteren Nogeschmaach. D’Madame Clinton, déi sech als Kämpferin fir déi sozial méi schwaach Leit am Land gëtt, léisst sech bezuele fir bei de Milliardär op d'Hochzäit ze goen. Den Trump, ongenéiert wéi en ass, mécht dëst public. Wien huet do den eigentleche Fehler gemaach?

Nu sinn ech kee Fan vum Donald Trump an nach manner vun senge populisteschen an munchmol inakzeptabele Fuerderungen. Et sollt ee sech just bewosst sinn, datt et d'Politik an d'Politiker sinn, déi de Phänomen Trump entstoen gelooss an esou guer provozéiert hunn. Ganz ähnlech ass et iwwregens mam Phänomen vun der AfD an Däitschland, déi dëser Deeg d'Sondagen am Nopeschland sprengt.

Die ich rief, die Geister, werd' ich nun nicht los. Esou heescht et am Goethe sengem Zauberlehrling. Esou ass och an der politescher Realitéit. Mat dem Resultat, dat mer kennen.