Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Pierre Gramegna gëtt Direkter vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus

EU-Posten

De Pierre Gramegna gëtt Direkter vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus

De Pierre Gramegna gëtt neien Direkter beim Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM). Déi Responsabel vum ESM hunn déi Decisioun den Owend eestëmmeg geholl.

auto_stories

2 min

Wéi d'Noriichtenagence Bloomberg schreift, war aktuell just nach de fréiere Lëtzebuerger Finanzminister am Gespréich fir d'Nofolleg vum Klaus Regling unzetrieden.

Enn September hate Lëtzebuerg a Portugal d'Kandidature vun hire Leit, déi si an d'Course em den Direktioun-Poste vum ESM geschéckt haten, allebéid zeréckgezunn, mat der Begrënnung dass weder de Pierre Gramegna nach de Joâo Leâo déi néideg qualifizéiert Majoritéit vun de Stëmme kréich.

No deem duebele Réckzuch war bis elo keen anere Kandidat méi am Gespréich, obwuel dem Klaus Regling säi Mandat un der Spëtzt vum vum Euro-Rettungsfong de 7. Oktober ofgelaf ass. De Christophe Frankel hat zanterdeem den Interim iwwerholl.

De Pierre Gramegna iwwerhëlt den 1. Dezember elo dëse Posten, säi Mandat leeft fënnef Joer.

D'Yuriko Backes felicitéiert dem Pierre Gramegna. Si wier iwwerzeegt, datt hien an Zäite vu Polykrisen déi néideg Qualitéiten hätt fir bei d'Stabilitéit an d'Solidaritéit an der Eurozon bäizedroen, gëtt d'Finanzministesch am Communiqué vum Finanzministère zitéiert.