Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maehila - Gentle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Planning fuerdert d'Penaliséierung vum Client

Prostitutioun

De Planning fuerdert d'Penaliséierung vum Client

Prostitutioun muss verbuede ginn, genee wéi Mord oder Vol, seet d'Presidentin vum Planning Familial. D’Ainhoa Achutegui fuerdert vun der Politik méi Moyenen an de Schoule fir Opklärung an affektiv Erzéiung. A méi Schutz fir déi Prostituéiert.

auto_stories

2 min

Ainhoa Achutegui

D'Prostitutioun verstéisst géint Mënscherechter a muss verbueden a strofbar fir de Client ginn, dat ass d'Positioun vum Planning Familial. D'Presidentin vun der Associatioun weist op d'Ongläichheet an d'Muechtgefäll tëscht de Prostituéierten an hire Clienten hin. Fir d'Ainhoa Achutegui ass d'Prostitutioun d'Resultat vun enger hypersexualiséierter Gesellschaft a vum Zougank vu ganz Jonken zur Pornografie.

Dee ganze Wäertesystem misst op d'Kopp gestallt ginn. Vun der Politik fuerdert d'asbl méi Moyenen an de Schoule fir Opklärung an affektiv Erzéiung. Den 29.6. stellen de Justizminister an d'Gesondheetsministerin d'Strategie vun der Regierung géint d'Prostitutioun vir. D’Ainhoa Achutegui erwaart sech och konkret Ennerstëtzungsmoossname fir déi Betraffen aus der Prostitutioun eraus ze begleeden, an eng Responsabiliséierung vun de Clienten.

De Businessmodell Prostitutioun

An der Prostitutioun géing et kee fräie Choix ginn. D'Frae kéimen aus fragiliséierte Verhältnisser, seet d'Ainhoa Achutegui. 80 Prozent géifen aus der Migratioun stamen, vill wären an hirer Jugend Affer vu sexuellen Iwwergrëffer ginn. Weltwäit läit den Astiegsalter fir d'Prostitutioun bei 13 bis 14 Joer. A Brasilien gouf am Virfeld vun der Foussballweltmeeschterschaft de legalen Alter vun der Prostitutioun erofgesat.

"Als Gesellschaft musse mir eis positionéieren. Mir däerfen net erlaben, datt Fraen exploitéiert ginn a Kierpere verkaf ginn", seet d'Presidentin vum Planning Familial. Prostitutioun géing Hand an Hand goe mat Diskriminatioun, Rassismus a ganz vill aneren Zorte vu Gewalt. Op d'Fro, ob déi fraerechtlech Approche eng Approche vu privilegiéierte Frae wier, äntwert d'Ainoha Achutegui, datt Prostitutioun ebe grad am heefegsten op Precaritéit zréckzeféiere wier. Hannergrond dovu wär de kapitalistesch a paternalistesch opgestallte Gesellschaftsmodell, seet d’Presidentin vum Planning Familial.

D'Prostitutioun ass eng kriminell Wirtschaftsbranche mat engem weltwäit geschatenem Joresëmsaz vun 100 Milliarden Dollar.