Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Populismus kennt keng Grenzen"

Chamberwahlen 2018

"De Populismus kennt keng Grenzen"

Dem Claude Lamberty seng Ausso, datt déi gréng sech géife fir Fliedermais an d'DP fir de Mënsch asetzen, wier ee "Frontalugrëff". Dat seet de gréngen Deputéierte Claude Adam, dee Mëtt Abrëll an der Chamber ophält.

auto_stories

3 min

Seng Decisioun fir op de 16. Abrëll als Deputéierten opzehalen, wier eng perséinlech gewiescht, seet de grénge Politiker Claude Adam. Hie wier net dozou gedréckt ginn. No véierzéng Joer an der nationaler Politik wier seng Motivatioun net méi déi selwecht gewiescht. Dobäi kéim, datt hie virun der Pensioun nach eng Kéier am Edukatiounsberäich wéilt schaffen.

Stëmmen am Zentrum wettmaachen

D'Gewëssheet, datt d'Sam Tanson direkt dorun intresséiert war seng Nofolleg um Krautmaart unzetrieden, hätt him d'Decisioun méi einfach gemaach. De Claude Adam gëtt och zou, datt duerch säin Depart an dee vun der grénger Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter, ee Lach am Bezierk Zentrum entsteet:

"Natierlech ass dat eng Erausfuerderung. Wéi mécht meng Partei déi Stëmme wett? Mir hu gutt Kandidaten aus dem Uelzechtdall, mir hunn eng Kandidatin vu Walfer, eng Fra aus dem Gemengerot vu Luerenzweiler a mir hunn ee Personnage, ee 'Seiteneinsteiger', deen zu Lëntgen wunnt - de Charel Margue - sou datt ech hoffen, datt déi dat wettmaachen. Mä wann ee sech net eng Kéier decidéiert opzehalen, da kritt ee gesot 'Dee raumt säi Stull ni'."

Datt d'Viviane Loschetter an der Chamber ophält, mä bis zum Enn vun der Legislatur Deputéiert bleift, fënnt de Claude Adam awer "logesch". Dat well si Fraktiounscheffin wier. Wann zwee Deputéiert aus dem Zentrum gläichzäiteg kuerz virun de Wahlen opgehalen hätten, wier dat net motivant gewiescht fir d'Equipe am Wahlkampf.

"Frontalugrëff"

Déi rezent Aussoe vum DP-Generalsekretär hätten hie verwonnert, esou nach de Claude Adam. De Claude Lamberty hat ugangs der Woch gesot, een Ënnerscheed tëscht DP an déi gréng wier, datt déi gréng sech fir Fliedermais géifen asetzen an d'DP fir de Mënsch. "Do wou si ganz oft Problemer gesinn, do gesi mir schonn d'Léisungen. An do, wou si bürokratesch Hürden opbauen, mee do baue mir se gäre sou séier wéi méiglech of."

De gréngen Deputéierte Claude Adam gesäit doran ee "Frontalugrëff":

"Ech fannen déi Ausso eigentlech absurd, mir géifen eis fir Banalitéiten interesséieren a si fir d'Mënschen. Mee gutt, de Populismus kennt keng Grenzen an och keng Parteigrenzen. Mir hunn de Wahlkampf agelaut, an ech hoffen, datt déi do Diskussiounen net héichkommen. Dat fannen ech ganz bedauerlech. Dat ass mat eng Ursaach, wou ee seet: Wëllt een nach eng Kéier sou ee Wahlkampf matmaachen? Et ginn och nach aner spannend Terrainen."

Berufflech Zukunft

D'Diskussiounen iwwer seng berufflech Zukunft wieren nach am gaangen, esou de Claude Adam. Wann alles gutt geet, wier hie vun Hierscht un an der Basis Formatioun vun de Schoulmeeschteren op der Uni Lëtzebuerg aktiv.