Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis huet just e klengen Impakt

Ëffentlechen Transport

De Präis huet just e klengen Impakt

De Präis vum Billjee géif nëmmen eng kleng Roll spillen, wann d'Leit sech d'Fro stellen, ob si den ëffentlechen Transport sollen huelen. Dat hätten Etüden op anere Plaze gewisen, seet de Geoffrey Caruso, Proff op der Uni Lëtzebuerg a Chercheur um LISER.

auto_stories

2 min

De gratis ëffentlechen Transport, deen haut op den Dag an engem Joer hei am Land ageféiert gëtt, wäert net dozou féieren, datt d'Leit massiv méi mat Zuch, Bus an Tram fueren. Vill méi wichteg wéi de Präis wier d'Qualitéit vum Service, an déi géif sech virun allem an Zäit moossen: d'Pénktlechkeet an d'Frequenz vun de Verbindungen.

Wichteg wier awer och d'Qualitéit vun den Uschlëss. Dat wieren d'Aspekter un deenen een haaptsächlech misst schaffen, wann een ëmmer méi Leit derzou brénge wéilt, op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen, sou de Geoffrey Caruso. Wann een ëmmer 20 Minutten op en Uschloss misst waarden, wieren d'Passagéier veriergert. Wann d'Waardezäiten awer ze kuerz wieren, géif ee riskéieren, den Uschloss ze verpassen.

Nieweneffekter vum gratis ëffentlechen Transport

De gratis ëffentlechen Transport hätt och aner Nieweneffekter: Sou kéint et sinn, datt och manner Leit mam Vëlo fueren oder zu Fouss ginn, well ee fir kuerz Distanzen de Reflex kritt e Bus ze huelen, ebe grad well e gratis ass. Amplaz 500 Meter zu Fouss ze goen, géif et sech offréieren amplaz de Bus ze huelen.

Den Geoffrey Caruso ass der Meenung, datt ee sech d'Fro misst stellen, wat een alles gratis wéilt maachen, a wat net. Grad wéi een iwwer gratis ëffentlechen Transport géif schwätzen, kéint ee sech och d'Fro stellen, ob d'Autobunn misst gratis sinn. D'Autoen, déi an de Stadzentrum erakommen, géifen d'Loft verpeschten, mee déi missten dat net bezuelen.