Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Präis vun der Austeritéit wier méi héich"

Budget 2021

"De Präis vun der Austeritéit wier méi héich"

Déi aktuell Kris géif weise, wéi wichteg ee staarke Staat ass, esou de Budgetsrapporter François Benoy. Zu engem staarke Staat géif och e staarke Sozialstaat gehéieren. Och dat wéilt hien a sengem Rapport iwwer de Budget fir d'nächst Joer ervirhiewen.

auto_stories

2 min

Am Budgetsprojet fir 2021 wieren an deem Sënn verschidde steierlech Mesurë virgesinn. Ob déi geplangte Steierreform nach dës Legislaturperiod komme wäert, kéint hie net soen, esou de gréngen Deputéierten.

D'Corona-Pandemie hätt gewisen, datt een e staarke Staat brauch, fir grousse Krise Meeschter ze ginn. Fir de François Benoy ass kloer, datt een nëmmen esou déi aner grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit, wéi d'Logements- oder d'Klima-Kris ka geléist kréien.

Méi wéi 30 Prozent Staatsschold

Dofir verdeedegt a begréisst hien den Usaz am Budget, fir d'Investitiounen héich ze halen. Bedéngt duerch d'Pandemie an hir wirtschaftlech Konsequenze wäert d'Staatsschold zu Lëtzebuerg an den nächste Joren iwwer 30 Prozent vum PIB klammen.

Se geet also iwwer déi Grenz eraus, déi d'Regierung sech am Fong als iewescht Limitt gesat hat. "De Präis vun der Austeritéit wier méi héich wéi dat, wat d'Verschëldung eis kascht", esou de Budgetsrapporter.

Och an de Gesondheetssystem misst weider Sue gestach ginn:

"Et huet sech jo an där heite Kris erausgestallt, datt et eis un Dokteren an u Gesondheetspersonal feelt. Do musse mir d'Konditioune verbesseren, dat revaloriséieren, un der Formatioun schaffen. En anere Punkt, dee mir ganz wichteg ass, ass deen, datt mer eis Gesondheet allgemeng stäerken. Datt mir méi an d'Preventioun investéieren, datt mir kucke manner vulnerabel Leit ze hunn, well déi vulnerabel Leit och déi sinn, déi vu Pandemien, zum Beispill, oder anere Gesondheetsproblemer méi betraff sinn."

De Budgetsprojet fir 2021 soll d'nächst Woch diskutéiert a gestëmmt ginn.