Den COSL-President bedauert, datt scho laang um Sportskonzept gedoktert gëtt, mee nach ëmmer näischt ëmgesat gouf. D’Regierung, a virun allem de Premier Xavier Bettel hätt nach ëmmer net agesinn, dass een eng integréiert Approche bräicht, wou all Beräicher, an deenen de Sport wichteg ass, zesummeschaffen. Net nëmmen de Sportsministère, mee och d’Ministèrë Santé, Educatioun an Interieur misste mat upaken, sou den André Hoffmann.
Ganz Regierung misst mat upaken
Dat wier awer nach ëmmer net bei der ganzer Regierung ukomm. De Premier géif sech och bedeckt halen, wat d’Finanzen ugeet. Den COSL brauch méi finanziell Moyenen an hat proposéiert, fir een Deel vun de Recette vun der Lotterie Nationale ze kréien, fir zréck an de Sport fléissen ze loossen, mee och do hätt de Xavier Bettel dem COSL ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Nächst grousst Evenement fir den COSL sinn d'Olympesch Summerspiller, am August, zu Rio a Brasilien. Déi stinn awer am Schied vun neien Doppingskandaler. Di russesch Sportler sinn den Ament nach ëmmer ausgeschloss.
Keen Dopping zu Rio
Den André Hoffmann bedauert, dass den Dopping ëmmer rëm de Sport an ee schlecht Liicht stellt, ass awer iwwerzeegt, dass d'Organisateure vun den Olympesche Summerspiller a Brasilien et fäerdeg bréngen, dass keng gedoppten Athleten do wäerten an den Asaz kommen. Den Dopping géif dem ganze Sport schueden, den Olympesche Spiller awer manner, well do méi streng Kontrolle wieren.
Lëtzebuerg wäert mat 10 Athleten op Rio goen, sou nach den André Hoffmann. Bis elo sinn der 3 offiziell qualifizéiert.