Radioen

On air

De Moien  |  Thundercat - Friend Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Projet ass um Lafen"

Referendum zu Wäiswampech

"De Projet ass um Lafen"

60 Prozent vun de Leit an der Nordgemeng hu sech géint dee geplangte Fräizäitpark mat Hotel, Chaleten an allerlee Attraktiounen ausgeschwat.

auto_stories

3 min

Den Henri Rinnen, Buergermeeschter vu Wäiswampech, huet nom Referendum ugekënnegt de Projet vum Grupp Lamy trotzdem realiséieren ze wëllen.

"De Projet ass um Lafen, an dee léisst sech op déi do Aart a Weis net stoppen. De Referendum ass net bindend. Vun 2017 un ass de Projet op der Schinn. Den Inneministère huet e geneemegt, den Tourismus ass dofir. Also mir wäerte mat menger Majoritéit op kee Fall de Projet stoppen. Mir wäerte virufueren. Dat hunn ech virum Referendum gesot, an dat soen ech och nom Referendum."

De Gemengerot ass gespléckt

Am Gemengerot sinn awer bis elo ëmmer fënnef vun den néng Memberen dofir gewiescht. Nëmme wann op d'mannst ee vun hinne seng Meenung ännert, kann de Projet verhënnert ginn.

De Michel Deckenbrunnen ass am Schäfferot zu Wäiswampech

De Michel Deckenbrunnen fënnt, datt jiddwer Conseiller an der Gemeng sech d'Fro misst stellen, wat d'Bevëlkerung wéilt.

"Si hu sech zu 60,1 géint 39,9 dogéint ausgeschwat. Kann ech dat elo nach veräntwerten? Kann ech dat net veräntwerten? Well schlussendlech: firwat si si op deem Posten? Si sinn op deem Posten, well d'Bevëlkerung si gewielt huet fir am Sënn vun der Gemeng ze schaffen."

De Michel Deckenbrunnen appelléiert dohier un d'Conseillere vun der Majoritéit, d'Resultat vum Referendum ze respektéieren a sech also vun elo géint de Projet um Séi auszeschwätzen.


De ganzen Interview mam Michel Deckenbrunnen lauschterenplay_arrow


De Problem vum Terrain

D'Bierger zu Wäiswampech géifen 30 bis 35 Hektar ewechgeholl kréien a si wieren domat net averstanen. Dat hätt sech och am Vott vum Referendum erëmgespigelt. Den Terrain soll iwwer eng Emphytéose dem Promoteur zur Verfügung gestallt ginn zu engem Jorestarif vu 25.000 Euro.

Fir de Pol Holweck, President vun der Biergerinitiativ géint de Projet vum Fräizäitpark, ass dëse Präis "lächerlech". An der Konventioun géif "däitlech" stoen, datt d'Gemeng fir den Entretien vun de Séien zoustänneg ass. "An dat si sécher Fraisen, déi wäit iwwer 25.000 Euro d'Joer leien".

De ganze Site wier an de leschte Jore bewosst e wéineg verkomme gelooss ginn, seet de Pol Holweck, fir d'Noutwendegkeet vun engem Investment ze ënnersträichen, mee:

"Dat ass, wéi wann ee sech en neien Auto misst kafen, well de Spigel futti ass. Natierlech muss een an e Camping investéieren. Mir sinn och net dogéint, datt do Innovatioune kommen. Mir sinn am Endeffekt och net géint e Projet mat engem Hotel. Mee mir si géint esou e Mega-Projet."

D'Thema ass nach net ofgeschloss

De Michel Deckenbrunnen wëllt d'Hoffnung awer nach net opginn, seet hien. "Mir kucken elo wat geschitt, mir waarden of, wat déi nächst Deeg geschitt, an da kucke mir, wéi et weidergeet zu Wäiswampech."

Fir de Buergermeeschter Henri Rinnen wier et beim Referendum awer net ëm de Fräizäitpark gaangen, mee "de Referendum war op jiddwer Fall iwwer d'Persoun Rinnen", dat wier kloer beim Referendum erauskomm.


De ganze Reportage vum Maurice Molitor lauschterenplay_arrow