Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Projet, verstäerkt Leit intern opzebauen

Piratepartei Lëtzebuerg

De Projet, verstäerkt Leit intern opzebauen

No de Wahltermäiner vun den nächste Jore kéint déi Lëtzebuerger Piratepartei een neie President kréien. Dat seet de Sven Clement, deen um Samschdeg fir ee weidert Mandat als President genannt gouf.

auto_stories

3 min

De Sven Clement gouf um Samschdeg op en Neits als President confirméiert

D'Fro wéi laang hien nach un der Spëtzt vun der Piratepartei wéilt bleiwe géif him dacks gestallt ginn, an hie géif sech se selwer och ëmmer méi dacks stellen. Bis elo sinn et siwe Joer. An aktuell ass d'Äntwert op déi Fro: "Ech maachen et sécher nach bis no den nächste Wahltermäiner. Soubal dat ofgeschloss ass, ass et och u mir fir an der Partei eng aner Roll ze fannen", sou den 27 Joer ale Sven Clement, deen d'Piratepartei Lëtzebuerg 2009 mat gegrënnt huet.

Hien hofft eegenen Aussoen no, datt d'Resultat vun deene Wahlen e Wiessel wäert imposéieren. De jonke Politiker hat schonn 2013 een Deputéiertemandat viséiert. Déi nächst dräi Joer soll awer bannent der Partei schonn no Personal gesicht ginn, fir d'Schlësselposten ze besetzen. "Dat ass awer ee Prozess dee sécher net vun haut op mar wäert geschéien", sou de Sven Clement.

Parteimemberen, déi "net sou visibel" waren

Et géifen haut scho Leit an der Partei ginn, déi prett wieren, fir d'Amt vum President ze iwwerhuelen. A Gespréicher hätt sech awer erginn, datt dës Persoune léiwer nach ee ganze Wahlzyklus géifen ofwaarden. "Vläicht och well déi Leit an der Vergaangenheet no baussen net sou visibel waren", seet de Sven Clement. Hien ass der Meenung datt d'Posten an der Partei bis elo ze vill op parteiintern Aarbecht fokusséiert waren, "an net genuch dorop wéi mir eis no bausse promouvéieren". Dat soll elo änneren: an Zukunft well d'Piratepartei dës Promotioun no bausse verstäerkt ugoen.

Als positiv empfend de Sven Clement, datt d'Partei um Landeskongress mam 69 Joer ale Camille Liesch een neie Vize-President gewielt huet. De Camille Liesch beschreift hien als ganz engagéierten an oppene Parteimember.

Gemengewahlen: Dräi Mandater pro Bezierk

Um Landeskongress huet et um Samschdeg geheescht, d'Partei wier lues awer sécher prett d'Gemengewahle vun 2017. Zil ass et do an all Wahlbezierk dräi Mandater ze kréien, sief et an enger Proporz- oder enger Majorzgemeng.

Sécher ass, datt d'Piratepartei sech an der Stad Lëtzebuerg mat enger Lëscht wäert presentéieren, mam Sven Clement als Spëtzekandidat. Hie selwer bezeechent dëse Plang als Erausfuerderung, och well d'Lëschten an der Haaptstad aus 27 Kandidate musse bestoen. Doriwwer eraus wier d'Stad déi Gemeng mat der gréisster Diversitéit an der Bevëlkerung.

Eng Alternativ?

Eegenen Aussoen no freeën d'Piraten sech op déi nächst Wahltermäiner. Do kéinten si nämlech weisen, datt si eng "richteg Alternativ zu der etabléierter Politik sinn". Dorënner versteet de Sven Clement – nieft de Piratenthemen wéi Dateschutz – an éischter Linn de Kampf fir sozial Gerechtegkeet an domat géint Aarmut, mee och de resoluten Asaz fir lokal Themen op Gemengenniveau.

Hien gëtt awer och zou, datt d'Pirate mat deene Programmpunkten net elleng do stinn. "Wann een ee komplette Programm huet, kann een net op all Punkt mat all Partei net averstane sinn", sou seng Äntwert. Senger Meenung no "mécht d'Mëschung et". D'Pirate géife probéieren eng sozialiberal Alternativ ze sinn, ouni an de lénken oder rietse Populismus ofzedreiwen.

__________________________________________________________________________________________

De Sven Clement am Interview op d'Fro, wéi laang hien nach President wëll bleiwen:

Interview Sven Clementplay_arrow