Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Rhythmus vum Film ass nickel!"

Astérix: Le secret de la potion magique

"De Rhythmus vum Film ass nickel!"

37 Bande-dessinéeën zanter 1961, véier Filmer zanter 1999 an elo zéng Animatiounsfilmer. D'Asterix-Maschinn ass och no iwwer 50 Joer net ze stoppen. "Astérix: Le secret de la potion magique", déi neisten Aventure vun de bekannte "gaulois irréductibles", déi jiddweree kennt, ass de Weekend en Avant première gewise ginn a leeft vun e Mëttwoch un am reguläre Kinosprogramm. Den Tom Dockal huet de Film vum Alexandre Astier a Louis Clichy gesinn.

auto_stories

3 min

Bei engem vu senge routinéierte Muerestier am Bësch, wärend deenen hien ënner anerem an de Bamspëtzte Mëschpel pléckt, setzt de Panoramix bei enger Rettungsaktioun vun engem klenge Villchen e Bee falsch op a fält vum Bam erof. Eng scheinbar Faute grave fir en Druide. De Mann hanner der Potion magique vum Duerf, dat zanter ëmmer der réimescher Invasioun d'Stir bitt, gesäit d'Joren un him laanscht goen. Hien ass der fester Iwwerzeegung, datt d'Duerf vum Astérix, Obélix, Abraracourcix, Bonnemine, Assurancetourix et j'en passe - iergendwann en neie Druide brauch, deem hien d'Rezept vun der Potion mat guddem Gewëssen uvertraue kann. Amplaz dräi Méint an d'Land zéien ze loosse fir e Profil fir d'Druide-Successioun auszeschaffen - esou léisst et sech den Druiden-Conseil léiwer gutt goen, wéi eng propper zortéiert Lëscht mat de jonken Druiden-Aspiranten oprecht ze erhalen - decidéieren eis bekannten Helde sech direkt selwer op d'Sich duerch dat besate réimescht Räich no engem adequate Kandidat ze maachen.

Véier Joer sinn zanter deem leschten Asterix-Animatiounsfilm verstrach, a wéi och bei der BD-Adaptatioun "Le domaine des dieux" iwwerhuele beim "Secret de la potion magique" d'Hären Alexandre Astier a Louis Clichy d'Rudder. A par Toutatis - gottseidank! Den Duo Astier/Clichy sinn dat Bescht, wat dësem Univers konnt geschéien. Den Albert Uderzo huet iergendwann agesinn, datt et mat iwwer 80 duergeet an huet op d'mannst, wat d'BDen ugeet, d'Zepter selwer weidergereecht. Zanter dräi Bänn sinn den Didier Conrad an den Jean-Yves Ferri fir d'BDe verantwortlech. Mee wann Astier/Clichy fir deen heite Film kee vun den am Ganze 37 Asterix-Bänn adaptéieren, sou ass alles dran, wat eng Asterix-BD am Laf vun deenen iwwer 50 Joer ausgemaach huet. Keng Phas gëtt ausgelooss - siew et BD, Film oder Animatiounsphas - an och mat de schrecklechen artisteschen Decisioune vum Uderzo gëtt hei am Film geschafft, mee d'Resultat ass e ganz Anert. Dozou geschwë méi.

Propper konstruéiert Geschicht a reegelméisseg Laachsalven

Den Astier, Createur vu "Kaameloot", ass genee esou e Fanboy vun de BDen an dem Univers, wéi deen, deen elo grad versicht, objektiv iwwer de Film ze schwätzen. Dem Astier geléngt de Spagat, engersäits eng propper konstruéiert Geschicht mat Personnagen an hire Béi an der Narrativ op d'Blat ze kréien, anerersäits ginn am Minuttentakt hilarant komödiantesch Slapsticknummere lassgetrueden, déi esou séier kommen a ginn, dat ee bal d'Gefill kritt, déi wieren esou locker vum Hocker an d'Dréibuch dertëschent geschriwwe ginn. Mee ganz am Géigendeel. De Rhythmus vum Film ass niquel! No enger Laachsalv, déi a 15 Sekonnen fënnef Schëss mat sech bréngt, weess de Film Loft ze huelen, just fir am appropriéierten iwwerraschenden Ament nees lasszeschéissen.

D'Asterix-Animatiounsfilmer si sou gutt wéi nach ni!

Den Asterix, Obelix an Idefix féieren zwar duerch de Film, mee den Haaptpersonnage ass de Panoramix. Eng ganz Rëtsch nei Personnagë ginn agefouert - feministesch Plus value inklusiv - mee esouguer d'Wëllschwäin an d'Réimer sinn net just Fudder fir de Mo an d'Fauscht, mee kréien an dëser Dramaturgie hir wichteg Plaz. Déi iwwerraschend nei Plaz vun de Réimer am leschten Akt ka kontrovers diskutéiert ginn, mécht den Astier jo net Allusioun op eng vun de meeschtgehaasste BDen aus der Serie - "Le ciel lui tombe sur la tête" - mee do wou beim Uderzo just de Kapp gerëselt gouf, sou duerf hei gelaacht an applaudéiert ginn.

Eenzege perséinleche Bemol ass de Christian Clavier, deen d'Asterix Stëmm nom Roger Carel iwwerholl huet, dee bis dato all Animatiounsfilm ageschwat huet. De gudde Mann ass elo pensionéiert. Mee de Clavier mécht säi Match.

Wann Astier a Clichy elo nach d'BDe géifen ee fir alle mol retten, da wier nees alles an der Rei am Asterix Univers. Och wann een de "Secret vun der potion magique" net gewuer gëtt, esou iwwerloossen ech deenen Häre gären d'Rezept fir dës Filmer. D'Asterix-Animatiounsfilmer sinn op alle Fall esou gutt wéi nach ni!