Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schratt duerch déi gëllen Dier

Presidentschaftswahlen a Russland

De Schratt duerch déi gëllen Dier

D'Presidentschaftswahlen a Russland e Sonnden versprieche keng grouss Iwwerraschungen ze bréngen. Siwe Kandidaten trieden nieft dem aktuelle russesche President un - si hunn awer viraussiichtlech keng Chance géint de Wladimir Putin. De Wahldag, den 18. Mäerz ass donieft éischter net zoufälleg gewielt - viru véier Joer huet Russland d'Krim annexéiert. Eng vun de wichtegsten Episoden an der russescher Geschicht a vum russesche President.

auto_stories

8 min

18. Mäerz 2014, et ass 3 Auer zu Moskau, wéi de russesche President Wladimir Putin ënnert groussem Bäifall am Georgsall vum Kreml a senger Ried matdeelt, datt et de Wëlle vum Vollek am Referendum gewiescht wier d'Krim u Russland ze annektéieren. Alles wier am Aklang mam internationalem Recht ofgelaf.

"Elo sollen déi politesch Decisioune vu Russland selwer getraff ginn. An d'Decisiounen kënne sech just um Wëllen vum Vollek stëtzen. Well eleng d'Vollek ass d'Quell vun der ganzer Muecht. Léif Memberen vum Federatiounsrot, léif Deputéiert vun der Staatsduma a léif Bierger vu Russland, Awunner vun der Krim an vun der Hafestad Sewastopol.. haut baséiere mer eis op d'Resultat vum Referendum op der Hallefinsel Krim an op de Wëlle vun de Leit. Ech bieden d'Parlament de Gesetzprojet ze iwwerpréiwen an deem et dorëms geet d'Republik Krim an d'Stad Sewastopol an déi Russesch Federatioun opzehuelen. Dat ass de Gesetzprojet, deen ech Iech virstellen an hoffen, datt dir en ënnerstëtzt..."

Direkt no der Ried huet de russesche President zesumme mam Regierungschef an dem Parlamentspresident vun der Krim den entspriechende Gesetzprojet ënnerschriwwen.

Krim: Eng wichteg Errongenschaft

D'Annexioun vun der Krim ass eng vun deene wichtegsten Errongenschaften an en historeschen Erfolleg vun der Amtszäit vum Wladimir Putin. D'Krim ass erëm doheem, esou de russesche President. Säi Beléiftheetsgrad ass duerno a Russland staark an d'Luucht gaangen. D'Bezéiungen mam Westen dogéint, sinn duerch d'Annexioun vun der Krim weiderhi gestéiert ginn an d'USA an Europa hu Sanktiounen géint Russland verhaangen. Russland, esou de Virworf vum Westen, huet mat sengem illegale Referendum géint dat internationaalt Recht verstouss. Weltwäit hunn nëmme wéineg Länner d'Uglidderung vun der Krim u Russland unerkannt.

Kuerz virun de Presidentschaftswahlen e Sonnden huet de russesche President d'Krim besicht - an d'Baustell vun der Bréck, déi d'Hallefinsel a Russland verbanne soll. D'Annexioun vun der Krim ass den 18. Mäerz genee véier Joer hir. Ass also de Choix vum Wahldag vläicht keen Zoufall?

Eng niddreg Wahlbedeelegung

Bei de Parlamentswahlen virun zwee Joer louch d'Wahlbedeelegung vun de Russen zu Moskau bei grad emol 35 Prozent. Esou eng niddereg Wahlbedeelegung bei de Presidentschaftswahlen e Sonnden, kéint den alen an héchstwahrscheinlech zeréckgewielte President also net esou gutt ausgesi loossen, menge Kritiker. Eng niddereg Wahlbedeelegung géif eng niddereg Ënnerstëtzung bedeiten - och wann hien d'Majoritéit vun de Stëmme géif kréien. Kritiker gesinn doran e Grond fir déi - am Verglach zu deene leschte Wahlen - grouss Unzuel vu Géigekandidaten.

D'Géigekandidaten

Mä wie si déi aner siwe Kandidaten, déi géint de fréiere KGB-Offizéier Wladimir Putin untrieden?

Foto: picture alliance / Russian Look

De Pawel Grudinin huet 57 Joer an ass Chef vun engem Landwirtschaftsbetrib. Hie gouf éischter iwwerraschend vun der Kommunistescher Partei an de Boxring geschéckt an dierft de Sondagen no op ronn sechs Prozent vun de Stëmme kommen - an domat zweetbeschte bei de Wahle ginn.

Foto: picture alliance / Russian Look

De Boris Titow ass ee Geschäftsmann an ee vun deene jéngste Kandidaten - am Joer 2000 huet hie bei de Presidentschaftswahlen annerhallwe Prozent vun de Stëmmen kritt - e Sonnden gëtt sech en ähnlecht Resultat erwaart. De Boris Titow setzt sech fir déi russesch Entrepreneuren an.

Foto: picture alliance / Photoshoot

De Wladimir Schirinowskij ass mat sengen 71 Joer deen eelsten vun all de Kandidaten. Hien ass de Chef vun der rietspopulistescher Liberal-Demokratescher Partei vu Russland. Seng Sprooch ass vu Populismus an Antisemitismus gepräägt. Nieft him wierkt de Wladimir Putin éischter raisonnabel..ma e richtege Géigner schéint hien net ze sinn.

Foto: picture alliance / Pacific Press

De 65 Joer alen Grigori Jawlinski ass fir d'éischte Kéier am Joer 2000 fir d'Presidentschaftsamt ugetrueden. Et kéint een hien als Politiker mat pro-westlechen Iddien ugesinn - beléift war hien ni an der grousser Bevëlkerung an och elo dierft en net vill Wieler op seng Säit zéien.

Foto: CC BY-SA 3.0 / Serge Serebro, Vitebsk Popular News

De Sergey Baburin ass en 59 Joer alen konservative Politiker an ass de Chef vun der national-konservativer Partei "Gesamtrussesch Volleksunioun". Bekannt war hien éischter an den 90 Joren als Vize-President vum Parlament.

Foto: Sputnik / Vladimir Fedorenko

De Maxim Surajkin ass relativ nei am Politgeschäft - virun néng Joer huet hien d'Partei "Kommunisten vu Russland" gegrënnt. Eng Alternativ du der "Kommunistescher Partei vu Russland", déi dem 39 Joer aéem Surajkin senger Partei virgehäit, e Projet vum Keml ze sinn an déi etabléiert kommunistesch Partei schwäche wëll..

Foto: picture alliance / Thomas Körbel / dpa

Nieft dem Kreml-Kritiker a Blogger Alexej Nawalny - deen net un de Presidetschaftswahl dierf deelhuelen - dierft d'Xenija Sobtschak virun allem Protestwieler uschwätzen. Si huet sech viru Joren éischter en Numm als Fernsehstar gemaach. Déi 36 Joer al, eenzeg Fra am Rennen huet oppositionell Iddien, dierft awer nëmme wéineg Stëmme kréien. Si ass och déi eenzeg Kandidatin, déi d'Annexioun vun der Krim duerch Russland a Fro stellt.

Den Alexej Nawalny (lénks). Foto: picture alliance / Claudia Thaler / dpa

Den Alexej Nawalny - gréissten Oppositiounspolitiker an eventuell och gréisste Gefor fir dem Wladimir Putin - schwätzt sech oppe géint de Kreml aus an hëlt et ëmmer erëm a Kaf, dowéinst festgeholl ze ginn. An deene leschte Méint huet e seng - virun allem jonk Supporter - zum Wahlboykott dëse Sonnden opgeruff an och e puer mol zu Protester géint de Kreml opgefuerdert.

Manipulatioun bei de Wahlen

Vill Masseprotester hunn an de grousse Stied wéi Moskau oder Sankt Petersburg stattfonnt, mä och a méi klenge Stied a Russland, erkläert d'Juulia Barthel, Mataarbechterin am Robert Bosch Zentrum fir Mëttel- an Osteuropa, Russland an Zentralasien vun der däitscher Gesellschaft fir Aussepolitik. Dat wieren net-sanktionéiert Protester gewiescht, an den Alexej Nawalny wier dowéinst méi dacks verhaft ginn, an hätt 30 Deeg am Prisong verbruecht. Well en doduerch virbestrooft ass, dierf en net bei de Russesche Wahlen deel huelen.

D'Juulia Barthel gesäit bei de siwe Kandidaten keng wierklech Konkurrenz géint den aktuelle russesche President Wladimir Putin. Et hätt an de leschte Joren ëmmer erëm Problemer gi bei de Wahlen, och scho bei de Parlamentswahle virun dräi Joer, wou et massiv Verletzunge vun de Prozedure ginn ass. Et hätte Manipulatioune stattfonnt. D'Juulia Barthel mengt net, datt sech vill um System verännert huet, a geet dovunner aus, datt et och bei dëse Wahle Manipulatioun wäert ginn. Si mécht donieft sech Suergen, datt et keng fair Wahlen e Sonnden a Russland wäerte ginn.

E Garant fir Stabilitéit a Sécherheet

Trotzdem géif sech den Wladimir Putin och selwer gär als Garant fir d'Stabilitéit am Land duerstellen. D'Welt huet sech staark verännert, esou d'Juulia Barthel an d'Leit a Russland wënschen sech - duerch déi ganz Globaliséierung an digital Verännerungen, méi Sécherheet an hirem Land. Vill Leit wieren net op dëse Changement virbereet an et géif eng gewëssen Nostalgie géigeniwwer der Sowjetunioun ginn. Deemools hätt et en einfach System vu Jo/Nee, Schwaarz/Wäiss, Gutt/Béis ginn. Vill Leit géifen dëser Zäit notraueren a géifen sech dës Zäit zeréck wënschen. De Wladimir Putin wier natierlech e Garant fir Sécherheet a Stabilitéit.

D'Zäit an den 90er wier extrem schwiereg gewiescht fir déi russesch Bevëlkerung. Dohier kéim och d'Mësstrauen vun enger grousser Partie vun de Leit - géintiwwer dem demokratesche System. Et hätt ee gewësse Viruerteeler, esou d'Juulia Barthel vun der däitscher Gesellschaft fir Aussepolitik, well een dacks géif héieren, datt een et mat der Demokratie probéiert hätt, mä keng gutt Erfarunge gemaach hätt. D'Wirtschaft wier agebrach a Korruptioun wier agetrueden. Zënter datt de Wladimir Putin un der Muecht ass, hätt hie fir Uerdnung, Sécherheet a Stabilitéit gesuergt. Dat wier säi Schwéierpunkt, an domat géif hien och haut nach Reklamm maachen.

D'Zäit no der Wahl

D'Juulia Barthel mécht sech Suergen, datt sech no der Wahl innepolitesch net vill ännere wäert. D'Klufft tëscht Aarm a Räich géif weider ausernee goen. Aussepolitesch géif dat bedeiten, datt ee sech d'Fro misst stelle wéi d'EU-Russland Relatioune weider géife goen, wou een eng Kooperatioun kéint agoen, a wéi eng Relatioune nei ausgehandelt misste ginn. Et géif och Onsécherheet an Onkloerheet bei der Sécherheetspolitik ginn.

De Wladimir Putin kéint - no genau 6796 Deeg un der Muecht - also erëm den neie russesche President fir weider sechs Joer zeréck gewielt ginn - d'Sondagen schwätze kloer dofir. Staatleche Meenungsfuerschungsinstituter no solle ronn 70 Prozent vun de Russen de 65 Joer ale Putin fir d'véierte Kéier als President zeréck wielen. Zielt ee seng véier Joer als Ministerpresident dobäi, kéim de Wladimir Putin op 24 Joer, bannent deenen hien a Russland um Hiewel vun der Muecht sëtzt..