Et hätt ee verschidden Hypotheesen opgestallt, op Grond wouvunner et zum Virfall deemools hätt kënne kommen, esou de Chef vum Deminage-Service vun der Arméi, de Kapitän François U. Op Basis vun deenen Hypotheesen hätt een eng Revisioun vun den Deminage-Prozedure gemaach.
"An dat huet eben och een Impakt op verschidden Typpe vu Munitioun. Datt déi vläicht net méi oftransportéiert, mee op der Plaz mussen zerstéiert ginn. An dat ass natierlech och ëmmer ofhängeg vun enger Risikoanalys, déi op der Plaz muss gemaach ginn."
Beim Virfall um Waldhaff virun engem Joer sollt een 48 Kilo schwéiere Sprengsaz aus dem Zweete Weltkrich fir de Weidertransport an d'Belsch preparéiert ginn. Zanter dem Tëschefall schaffen nach véier Persounen am Service de déminage, zwou weider Persoune wieren den Ament an der Formatioun an der Belsch. Enn 2020 soll dës Formatioun ofgeschloss sinn. "Déi hunn dann d'Basisformatioun gemaach. Déi mussen dann erëm souvill Joer schaffen, fir Ekippe-Chef ze ginn. Mee dann hu mir de Service mol erëm op sechs Leit verstäerkt", sou de Kapitän François U.
Bis Enn des Joers géif de Service de déminage iwwerdeems weiderhi personell Verstäerkung vun der belscher Arméi kréien. An an den nächste Jore wier am Recrutementsplang virgesi fir de Service nees opzebauen. Virun allem fir verschidde Permanencë kënnen ze geréieren, déi 24 Stonnen op 24 a siwen Deeg op siwe mussen assuréiert ginn.
Pro Joer mécht den Deminage-Service vun der Arméi 300 bis 350 Asätz hei am Land.